Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Frank Wies: Aussoe vum Procureur iwwer d'Heescheverbuet "net just reng Interpretatioun"

Sträit ëm d'Mendicitéit

Frank Wies: Aussoe vum Procureur iwwer d'Heescheverbuet "net just reng Interpretatioun"

Mat sengen Aussoen zum Reglement iwwer d‘Heescheverbuet huet de Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg Georges Oswald e Mëttwoch op RTL der Regierung an der Stad Lëtzebuerg widdersprach. Wéi eng nei Situatioun ergëtt sech doduerch a wat geschitt, wann een e Recours géint dat Reglement aleet?

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De Georges Oswald war däitlech a senger Ausso: Et besteet keng base juridique fir d‘Reglement iwwer d'Heescheverbuet, well dat entspriechend Gesetz 2008 ofgeännert gouf an d'Heeschen als illegal Aktivitéit domat net méi existéiert. Fir den Affekot Frank Wies ass de Fakt, datt sou eng Analys vun engem Procureur kënnt alles anescht wéi eng reng Interpretatioun.

„Also dat huet schonn eng gréisser Envergure, wéi datt dat elo just eng aner Interpretatioun wier. Dat heescht, den organe de poursuite, dee laut eisem Rechtssystem dofir zoustänneg ass fir ebe Poursuitten z'engagéieren, wa Bierger d'Strofrecht briechen, dee seet - a vun de Geriichter ass dat jo och esou bestätegt ginn - d'mendicité simple ass zu Lëtzebuerg keng Strofdot.“

Recours kënnen nëmme perséinlech direkt Intresséierter maachen

Recours géint d'Applizéiere vun dem Gemengereglement ass prinzipiell méiglech, dat kann awer net jidderee maachen.

„Op där enger Säit gëtt ët d'Méiglechkeet beim Verwaltungsgeriicht e recours en annulation ze maachen géint den acte réglementaire an dat ass och méiglech ebe géint e réglement communal. Dat ass awer nëmme méiglech fir Leit déi en direkte perséinlechen Interêt hunn.“

Eng Associatioun kéint eng Plainte areechen

Déi Stater Lenk haten am Juli vum leschte Joer esou eng Plainte agereecht, et goung dobäi ëm Patrulle vu private Sécherheetsfirmen an der Stad Lëtzebuerg. D'Verwaltunsggeriicht hat d'Plainte deemools ofgewisen, well keen direkte perséinlechen Interêt bestanen hätt. Wier eng Plainte dann elo an dësem Fall méiglech?

„Et géif och nach d'Méiglechkeet ginn, datt eng Associatioun ënnert verschiddene Conditiounen dat kéint maachen, mee dat misst da schon eng Associatioun sinn déi sech spezifesch fir d'Belange vun der Mendicitéit asetzt.“

Fir de Betraffenen deen interpelléiert gëtt, besteet och nach d'Méiglechkeet sech am Fall vun enger Geldstrof um Policegeriicht juristesch ze wieren, hei kéint zum Beispill virbruecht ginn, datt d‘Reglement géint d'Verfassung verstéisst oder géint d'Gesetz.

Lauschterenplay_arrow