Radioen

On air

Notturno  |  Cuddle Magic - Still In Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dag vun der politescher Bildung

Zentrum fir politesch Bildung

Dag vun der politescher Bildung

Den Zentrum fir politesch Bildung organiséiert den 11. an 12. Mäerz an der Abtei Neimënster den “Dag vun der politescher Bildung”, mat Workshoppe fir Schüler:innen a Léierpersonal zum Themekomplex Demokratie an Digitalitéit. Ageleet gëtt déi Journée den Dënschdegowend mat engem Virtrag vun der däitscher Bestseller-Autorin Kenza Ait Si Abbou Lyadini zum Thema “Wéi een Afloss huet déi Kënschtlech Intelligenz op eis demokratesch Gesellschaft?” 

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung | © Semir Demic play_arrow
Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung (Foto: Semir Demic)

Am Virtrag vun der Kenza Ait Si Abbou Lyadini geet et an éischter Linn dorëms, a wéi fern kënschtlech Intelligenz en Afloss op d'Demokratie huet. 

Et sinn nach e puer Plaze fräi, wien interesséiert ass de Virtrag lauschteren ze goe soll sech awer virdrun op der Email-Adress billetterie@neimenster.lu umellen.

Komplett ausgebucht sinn dogéint all d’Workshoppen den Dag drop. D’Offer fir Schüler:inne war souwisou limitéiert. D’Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung erkläert, datt et net méiglech war fir ville Schoulklassen d'Méiglechkeet ze gi matzemaachen. Et wäerten zwou Klassen aus dem Fondamental an zwou Klassen aus dem Secondaire op der Plaz sinn. D'Marnie Ecker betount, datt déi Jonk eng wichteg Zilgrupp sinn. 

Groussen Interessi aus dem Grand public

Och fir d'Léierpersonal ginn eng ganz Partie Workshoppen ugebueden, an deenen et haaptsächlech ëm digital Medien, Fake news, KI an änlech Stéchwierder wäert goen. Et wéilt een awer och déi positiv Saache vun der Digitalisatioun erausschaffen, sou nach d'Marnie Ecker. 

Mam Choix vum Thema schéngt den Zentrum fir politesch Bildung op jidde Fall den Nol op de Kapp getraff ze hunn. Et wieren immens vill Umeldungen era koum. Et kéint een den Interessi bei de Leit, och am Grand public, gesinn. Et géif e grousse Besoin hei zu Lëtzebuerg ginn, sou nach d'Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung. 

Lauschterenplay_arrow