De Problem vum Logement zu Lëtzebuerg kéint net bekämpft ginn, wann d’Mesüren, déi d’Regierung ëmsetzt, just op d’Demande ofziilen, betount de Francois Bausch. Den Haaptproblem géif bei der Offer leien.
„An do gëtt et och e Léisungswee, wéi mer d’Offer fir abordabele Wunnraum, sief et fir d’Locatioun, oder och fir d’Vente, kënnen hikréien. Ech hu gesot, datt et illusoresch ass, ze mengen, fir d’Präisser um private Wunnengsmaart substanziell bei där Dynamik déi mer haut hunn erofzekréien. Mee wat déi ëffentlech Hand awer kann hikréien, dat ass fir niewent dem privaten Angebot u Wunnengen e substanziellt Angebot un ëffentleche Wunnengen zur Verfügung ze stellen.“
Alex Donnersbach: Responsabilitéit läit bei viiregter Regierung
Fir den Alex Donnersbach, CSV-Deputéierten, deen als éischt op dem François Bausch seng Interpellatioun reagéiert huet, läit d’Responsabilitéit bei der viirechter Regierung. An anescht wéi de François Bausch, gesäit hien d’Léisung net just beim Bau vun ëffentlechen, abordabele Wunnengen. Ënnert anerem missten déi komplex Prozeduren iwwerschafft ginn, esou den CSV-Deputéierten.
Gilles Baum: Sech net géigesäiteg d'Schold ginn
De Gilles Baum vun der DP betount iwwerdeems, dass et net drëms géif goen, sech géigesäiteg d’Schold fir déi aktuell Situatioun ze ginn.
„Hei komme vill Aspekter zesummen, a grad dowéinst huet d’Politik all Interêt de Bausecteur aktiv un der Schafung vum ëffentleche Wunnraum ze bedeelegen. Éischtens, fir der Demande nozekommen, déi ëmmer méi privat Leit net méi eleng meeschteren, an zweetens fir een enorm wichtege Wirtschaftszweig ze schützen“
Taina Bofferding: Abordabel Wunnenge mussen abordabel bleiwen
Fir d’Taina Bofferding vun der LSAP gëtt d’Logementskris awer net just geléist, andeems de Problem vum Bausecteur geléist géif ginn. Et wieren zwee verschidde Problemer, och wa se enk zesummenhänken.
Déi gréissten Erausfuerderung am Land ass, datt d’Leit en Accès zu de Wunnenge kréien an dat géif nëmme geschéie wann abordabel Wunnengen och abordabel bleiwen, an net herno deier um Marché nees verkaf ginn, esou nach d’Taina Bofferding.
D’LSAP an déi gréng hunn iwwerdeems bedauert, dass d’Locatairen net um Logementsdësch present waren.