Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ France Insoumise leent Persoun aus der Zivilgesellschaft als Premier of

Frankräich

France Insoumise leent Persoun aus der Zivilgesellschaft als Premier of

A Frankräich ka sech den Nouveau Front Populaire nach ëmmer net op eng gemeinsam Kandidatur fir d’Amt vum Premier eenegen. Nodeems e Sonndeg schonn eng Propos verworf gouf, ass et haut de Moien den zweeten Numm, dee fir Tensiounen am lénks-grénge Lager suergt.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka

A Frankräich hunn dräi Parteie vum Nouveau Front Populaire eng Persoun aus der Zivilgesellschaft fir de Poste vum Premier proposéiert: D‘Laurence Tubiana, Ekonomistin a fréier Ambassadrice fir d‘Klimaverhandlungen 2015 zu Paräis, gouf vun de Sozialisten, Ekologisten a Kommuniste virgeschloen.

D'France Insoumise huet awer negativ reagéiert, well d'Laurence Tubiana dem Emannuel Macron no stoe géif, esou den LFI Deputéierte Paul Vannier.

Do virdrun hat la France Insoumise och scho prinzipiell eng Persoun aus der Zivilgesellschaft als Premier ofgeleent. D'Verhandlunge bei der lénks-grénger Allianz Nouveau Front Populaire fir e Premier oder eng Premierministerin virzeschloe sinn deemno weider blockéiert.

Max Tholl (Paräis)