Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'éischt Budgetskris, elo Bauerestreik

Däitschland

Fir d'éischt Budgetskris, elo Bauerestreik

Eréischt lescht Woch huet déi däitsch Regierung hir Budgetskris geléist. Mee d’Auswierkunge vun där Eenegung loossen net laang op sech waarden. Den däitsche Bauereverband streikt géint eng Partie vun de Mesuren an d’Regierungsparteie si sech net eens, wéi se domat sollen ëmgoen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Jörg Carstensen play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Jörg Carstensen

17 Milliarden Euro huet déi däitsch Regierung missen opdreiwen, fir d’Lach am Budget vum kommende Joer ze fëllen. Dat huet geheescht: An all Ministère ass no Ausgabe gesicht ginn, déi ee kéint zeréckschrauwen. No laangen Negociatioune war et lescht Woch dunn esou wäit: d’Deppe war voll, d’Kris avertéiert.

Net zefridde mat de Spuermesuren

Mee eng Partie vun deene Spuermesuren, nämlech déi aus dem Landwirtschaftsministère, stoussen de Betraffenen, den däitsche Baueren, ganz schéin op. SPD, FDP a B90/Die Grünen hunn an hirem Kompromëss decidéiert, datt d’Subventioune fir Agrardiesel géifen ewechfalen, genee wei och d’Befreiung vun de Bauere vun der Autos-Stéier.

D’Konsequenz fir d’Baueren: méi héich Produktiounskäschten duerch di feelend Subventiounen. De Joachim Rukwied, Präsident vum däitsche Bauereverband, sot an der Tagesschau:

"Wir gehen davon aus, dass dies zu höhren Lebensmittelpreisen führt. Aber insbesondere zu einer Verlagerung der Erzeugung von landwirtschaftlichen Produkten ins Ausland."

Hirer Roserei iwwer d’Decisioune vun der Ampel-Regierung hunn d’Baueren Ufank der Woch fräie Laf gelooss. Ënnert dem Motto “Ze vill ass ze vill” hunn honnerte Bauere mat hiren Trakteren de Regierungsquartier zu Berlin blockéiert Si hunn Deeler vun der Oppositioun, besonnesch déi bayresch CSU, déi sech schonn ëmmer als Vertrieder vun de Bauere gesinn huet, am Réck. Den CSU-Landesgruppechef Alexander Dobrindt erkläert et folgendermoossen:

"Unsere Befürchtung ist, dass sich die Produktioun nicht mehr rentiert. Landwirte werden aufgeben. Sie sehen keine Perspektive mehr, die Höfe in die nächste Generation zu geben."

Kompetitivitéit kéint verluer goen

Zoustännege Minister fir d’Landwirtschaft ass den Cem Özdemir vu B90/Die Grünen. Hien huet am Morgenmagazin vun der ARD Versteesdemech fir d’Bauere signaliséiert.

"Ich verschliesse mich dem ja nicht, dass wir sparen müssen. Aber es muss schon auch so sein, dass wir die Leute dabei mitnehmen. Die Landwirte sind nun mal die, die uns mit Lebensmittel versorgen. Das vergessen viele, gerade in der Stadt. Und das gehört glaube ich dazu: dass man die Leute nicht überfordert. Wir überfordern die gerade. Und dass jetzt die Ökobauern, die konventionellen Bauern, die grossen und kleinen landwirtschaftlichen Organisatiounen, die untereinander sehr viele Unterschiede haben, sich jetzt zusammenschliessen, sollte jedem den Ernst der Lange deutlich machen."

Besonnesch d’Ofschafe vun de Subventioune fir Agrardiesel gesäit och de Landwirtschaftsminister problematesch. Well de Gros vun den europäeschen Nopeschlänner esou Subventiounen hätten, géif déi däitsch Landwirtschaft en Deel vun hirer Kompetitivitéit verléieren.

Habeck: Gesamtléisung net riskéieren

Och de Finanzminister Christian Lindner vun der FDP well nach eng Kéier un d’Kierzungen am Landwirtschaftssecteur erugoen. Hie fuerdert vum Cem Özdemir awer alternativ Proposen, wou a sengem Ministère dann am Plaz kéint gespuert ginn. De Parteichef vun de Liberalen ass och vu senge Parteikolleegen ënner Drock gesat ginn: d’FDP-Fraktioun am Bundestag huet annoncéiert, d’Budgetspläng vun der Ampel wéilten ze vetoen, wann d’Subventioune fir d’Baueren tatsächlech sollte gekierzt ginn.

De Widderstand vun de Bauere géint de Budgetskompromëss kéint déi däitsch Regierung direkt an déi nächst Kris féieren. Well aner Membere vun der Regierung, wei de Vize-Kanzler Robert Habeck, wëllen de Mesurëpak net méi upake goen. Hien sot der Noriichtenagence dpa e Méindeg: Wa mir elo eenzel Deeler vun eisem Mesurëpak nees verännere ginn, da fält d’Gesamtléisung an e Koup.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Politik a Gesellschaft