Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus der EU kënnt méi Drock op Israel

NOEN OSTEN

Aus der EU kënnt méi Drock op Israel

26 EU-Länner stelle sech hannert den Opruff vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell un d'Adress vun Israel, net an der Gaza-Stad Rafah anzemarschéieren. An de verschiddenen Aussoe ginn d’Accenten anescht gesat.

auto_stories

3 min

Foto: Europäesch Unioun

D’EU fuerdert Israel op, keng Militäraktioun zu Rafah ze lancéieren. Déi géif déi elo scho katastrophal humanitär Situatioun an der Regioun nach verstäerken, sou den Josep Borrel e Samschdeg an engem Message op der Plattform “X”.

Lëtzebuerg dréit Opfuerderung mat

Den EU-Chefdiplomat huet deen Opruff a sengem eegenen Numm an net an deem vun de 27 EU-Länner gemaach.

„Ech hu gëschter ee Statement erausginn, ech wollt datt all 27 EU-Länner dohannert stinn, ma net jiddwereen mécht dat.“

Ee Land, Ungarn, wollt deen Appell net matdroen. Dat confirméiert den Xavier Bettel.

Lëtzebuerg stéing dohannert, sot zu Bréissel den Ausseminister am 100Komma7-Interview. Den Amarsch vun der israeelescher Arméi an d’Staat Rafah schätzt och hien als problematesch an.

Well am Fong déi ganz Gazapopulatioun sech do am Süden erëmfënnt a mir riskéieren, éischtens eng humanitär Kris ze kréien, awer och eng Katastroph, wa se do amarschéieren, well do kann een net cibléiert iergendwellech Aktioune maachen. Dat riskéiert ganz schlëmm Biller ze ginn an ech géif wierklech den Israeelië recommandéieren, dat net ze maachen.“

Een aneren Appell vum Josep Borrel fir Israel keng Waffe méi ze liwweren, fënnt bei den EU-Memberlänner keng Zoustëmmung.

EU preparéiert Sanktioune géint Hamas an extremistesch Siidler

“Israel huet ee Recht drop, sech ze verdeedegen”, seet dozou de Xavier Bettel. Et kéint net sinn, datt ee Land all Dag ziddert, an drop waart, wéi eng Decisiounen an Hamas-Kreesser iwwer eventuell weider Attacke geholl ginn.

„Israel huet och e Recht op Selbstdefense an ech waarden och nach ëmmer op d‘Condamnatioun vu palestinensescher Säit vis-à-vis vun den Hamas-Attacke vum siwenten Oktober, déi kommen och net.“

Et wier iwwerdeems offensichtlech, datt d’Hamas weider vu Rafah aus operéiert, betount hirersäits déi däitsch Ausseministerin Analena Baerbock.

Dat wichtegst wier, datt d’Hamas d’Waffen nidderleet. Och si awer warnt virun engem Amarsch vun der israeelescher Arméi an d’Stad Rafah a stellt sech hannert EU-Sanktioune géint d’Hamas a géint extremistesch Siedler. D’EU kéint och hei net einfach nokucken.

„Deswegen ist es mir wichtig, dass wir auch hier an den Sanktionsmaßnahmen arbeiten, um extremistischen Siedlern deutlich zu machen. Das ist ein klarer Rechtsbruch und wir als EU werden den nicht unkommentiert stehen lassen.“

D’EU präparéiert Sanktiounen a béid Richtungen, géint d’Hamas an och géint extremistesch Siidler.

Spuenien an Irland wëlle méi wäit goen

Um Bord vun der Reunioun vun den Ausseministere gëschter hu wéi gewinnt déi eng méi dat eent, déi aner méi dat anert betount.

Spuenien an Irland gehéieren zu deenen, déi am meeschte Kritik un Israel üben.

An engem Bréif fuerdere béid Länner déi Europäesch Kommissioun op, ze iwwerpréiwen, ob Israel Mënscherechts-Krittären nach erfëllt, déi am Associatiouns-Ofkommes festgehale goufen, datt d’EU mat Israel ofgeschloss huet.

Déi Ufro gëtt bis elo net vun aneren ënnerstëtzt, och Lëtzebuerg hält sech do zeréck.

“Ech wëll fir d'éischt mat de Kolleegen driwwer diskutéieren”, wat d'Argumenter sinn, sou de Xavier Bettel.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.