Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An de Vogeese mussen ëmmer méi Schipisten zou loossen

Mëllt Klima an ze wéineg Schnéi

An de Vogeese mussen ëmmer méi Schipisten zou loossen

Zu Gerardmer, knapps dräi Stonne vun der lëtzebuergescher Grenz fort, si just véier vun 22 Pisten an dräi vun 18 Seelbunnen a Betrib. Dat deelt déi franséisch Zeitung La Libération haut mat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Net vill Schnei op enger Pist an Däitschland (Winterberg, NRW) | © picture alliance / dpa | Jan-Philipp Strobel play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | Jan-Philipp Strobel

D’Wantersaison wier elo scho gelaf, bedauert e Bedreiwer vun enger Schistatioun géigeniwwer de Kolleege vu La Libération. Och wann eng Rei Pisten op wieren, géifen d’Clienten am Moment ausbleiwen. Fir z’iwwerliewe misst een, mëttelfristeg gekuckt, op Alternative setzen; op de Schnéi ass net genuch Verlooss.

Kënschtleche Schnéi ass keng laangfristeg Alternativ

Enger Etude vu ClimSnow no (e Projet vun dräi franséische Klimaakteuren) géifen déi soit-disant schlecht Wanteren an Zukunft ëmmer méi dacks virkommen. Op kënschtleche Schnéi ze setzen ass dobäi keng laangfristeg Alternativ, deelt déi franséisch Cour des Comptes mat. E wier net klimafrëndlech, an et wier bedauerlech, datt vu Säite vun de Schipistebedreiwer just op déi Adaptatioun géif gesat ginn, fir d’Schipisten eraus ze kréien aus der kritescher wirtschaftlecher Situatioun, an där se wéinst dem mëlle Klima an dem wéinege Schnéi an de leschte Jore sinn.

Et brauch e méi diversifizéierten Tourismus

An de Schiregioune misst ee sech méi breet opstellen, esou de Buergermeeschter vu Gerardmer bei La Libération. Vëlo, Wanderungen an Thermen, Tourismus fir déi véier Saisonen, dorop wéilt een an Zukunft setzen.

Fir déi, déi sech awer elo an der Vakanz op Schi an de Vogeese gefreet hunn, gëllt et sech am Viraus driwwer z’informéieren, ob an op wéi engen Deeg genau d’Statiounen ophunn. Dat ka vun Dag zu Dag änneren, jee no Wieder, heescht et nach an der franséischer Zeitung La Libération.

Lauschterenplay_arrow