arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser ka sech Aarbecht als onofhängegen EU-Deputéierten "ganz gutt virstellen"

Europaparlament

|
headphones

1 min

Fernand Kartheiser ka sech Aarbecht als onofhängegen EU-Deputéierten "ganz gutt virstellen"

Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser kéint sech "e Liewen als onofhängegen Europadeputéierten wonnerbar virstellen“. Dat sot den Europadeputéierten am Kader vun enger Pressekonferenz um Freidegmoien.

headphones

1 min

© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

E Mëttwoch wëllt d‘EKR-Fraktioun iwwer den Ausschloss vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser ofstëmmen. Grond fir den Ausschloss ass seng rezent Rees op eegen Initiativ a Russland. Dat hätt kloer rout Linnen iwwerschratt, esou huet et aus der Fraktioun geheescht. 

Fir den Ament wier een Ausschloss aus der EKR nëmme Spekulatioun, esou den ADR-Politiker. Hie selwer geséich iwwerdeems kee Grond, wisou hien aus der EKR sollt ausgeschloss ginn a wollt och weider net drop agoen.

"Nee, ech soen näischt. Ech soe just: Ech fäerten net fir meng Zukunft. Ech wäert mech ni langweilen am Europäesche Parlament. Wann ech sollt ausgeschloss ginn, hypotheetesch, da kucken ech, wat geschitt. Ech ka mir e Liewe wonnerbar virstellen als onofhängegen Deputéierten. Et kann natierlech och sinn, datt Offeren, déi gemaach goufen oder nach gemaach ginn, eis kéinten interesséieren oder datt mir déi wéilten diskutéieren."

Ob d‘ADR als Partei aus der EKR géif austrieden am Fall vun engem Ausschloss vum Fernand Kartheiser, wollt d‘Parteipresidentin Alexandra Schoos um Freidegmoien net beäntweren. 

De Fernand Kartheiser stoung rezent wéinst senger Rees a Russland an der Kritik.