Den Ament wiere keng weider Lëtzebuerger:inne méi am Noen Osten, déi sech iwwer déi entspriechend Plattform LamA op myguichet.lu gemellt hätten, fir heem bruecht ze ginn, esou den Ausseministère.
Et wier och fir den Ament kee weidere Rapatriements-Vol vun der Luxair aus dem Noen Oste virgesinn. Dat sot de Luxair-Direkter Gilles Feith am 100,7-Interview.
Weidere Luxair-Fluch gëtt net ausgeschloss
Och wann nach weider vereenzelt Lëtzebuerger am Noen Oste wieren, déi och vläicht wéilten zeréck op Lëtzebuerg kommen, huet d’Luxair momentan kee weidere Rapatriments-Vol geplangt.
Komplett schléisst de Luxair-Direkter Gilles Feith e weidere Fluch awer net aus.
"Á tout moment kënne mir dat nach eng Kéier organiséieren. Mee den Ament gesäit dat net esou aus. Et ass och esou, datt lues a lues erëm ufänke kommerziell Vollen opzegoen, soudatt dann och Leit kënne kommerziell erauskommen. Ech weess och perséinlech Leit, déi mat Emirates virun zwee, dräi Deeg erauskomm sinn. Ech denken, datt déi Situatioun sech awer wäert relativ séier normaliséieren."
Dubai bleift an Zukunft eng "ganz gutt" Destinatioun
Fir d’Luxair ass et den Ament an der aktueller Situatioun keng Optioun, nees kommerziell Vollen op Dubai unzebidden. Och wann aner Fluchgesellschaften hir Vollen nees partiell opgeholl hunn, seet de Gilles Feith.
"Fir d'Luxair ass dat ganz, ganz kloer, datt mir déi Chaîne, déi bis den 3. Mee elo geplangt war, datt mir déi komplett annuléieren a mir wäerten elo net méi do erof fléie bis am Oktober. Bis Oktober kucke mir eis d'Situatioun nach eng Kéier un. Wann d'Situatioun stabel ass, dann ass dat nach ëmmer eng ganz gutt Destinatioun."
Abu Dhabi beispillsweis wier nach ëmmer eng beléifte Vakanzendestinatioun, esou de Gilles Feith. Dat wat elo geschitt wier, wier e Kollateralschued, deen déi Länner mat an de Konflikt tëschent den USA, Israel an dem Iran eragezunn hätt.
Iwwerdeems hofft de Luxair-Direkter, datt d’Lag sech séier stabiliséiert.