Eng Rou wier net a Siicht, seet den Eric Bleyer am 100,7-Interview. Hien ass den Direkter vun Aral Lëtzebuerg a President vum Groupement Énergies Mobilité Luxembourg (GEML), de Branchëverband vun de Pëtrols- a Gasfirmen hei am Land.
Haussë vun 20 Cent de Liter
Eng Präishausse wéi rezent déi beim Diesel vun 21 Cent um Liter, kéim ganz seele vir, betount den Eric Bleyer. Wéi grouss d’Spréng beim Präis an Zukunft wäerte sinn, kéint een net viraussoen. Hie schléisst Haussë vun ëm déi 20 Cent de Liter awer och net aus.
“Leider musse mir dovun ausgoen, datt et weider klamme wäert.”
Wärend der Finanzkris 2008 louch de Präis vum Pëtrol nach méi héich, bei ëm déi 150 Euro de Barrel. Haut si mir bei ronn 100 Euro de Barrel.
Den Ënnerscheed tëschent Diesel a Bensinn
De Präis vum Diesel ass e gutt Stéck méi geklomme wéi dee vum Bensinn. Dat léich dorunner, datt den Diesel e Produit ass, dee vill méi an der Industrie a bei Camione benotzt gëtt. Do ass de Besoin grouss a manner flexibel, erkläert den Eric Bleyer.
De Bensinn gëtt méi um private Marché genotzt. Dobäi kënnt, datt Europa méi Bensinn produzéiert, an dofir méi Diesel importéiert.
Datt europäesch Raffinerien elo kuerzfristeg Diesel produzéieren amplaz Bensinn wier dogéint net méiglech, betount den Eric Bleyer. Dat wieren héichspezialiséiert Anlagen, déi een net vun haut op muer kéint ëmswitchen.
Spezielle Präismechanismus zu Lëtzebuerg en place
Esoulaang d’Mierengt vun Hormus zou ass, wäert de Präis héich bleiwen. Ronn 10 Prozent vum Pëtrol, deen an Europa importéiert gëtt, muss duerch dëse Passage passéieren.
Ganz kuerzfristeg wäert de Pëtrol an Europa awer net knapp ginn. A leschter Zäit hätt ee vill Iwwercapacitéite gehat, esou de President vum Groupement énergie et mobilité.
D’Pëtrolsimportateuren zu Lëtzebuerg wäerten awer net direkt un der Präishausse matverdéngen. De Grand-Duché huet nämlech e Präismechanismus, deen déi maximal Präisser bestëmmt, an dee manner flexibel ass wéi de Marché.
“De Mechanismus geet dem Marché no, mee mat enger gewësser Zäitverzögerung. Bei steigendem Präis klëmmt eise Verkafspräis méi lues wéi de Marché klamme géing. An där Period verdénge mir tatsächlech manner Suen.”
D’Präisser zu Lëtzebuerg bleiwen natierlech ëmmer nach méi niddereg wéi déi an eisen Nopeschlänner. Eng grouss Hausse beim Tanktourismus erwaart sech den Eric Bleyer awer net. Et kéint an den Deeg virun neie Präishaussen zu méi Betrib kommen, mee am Secteur geet een dovun aus, datt d’Leit och probéieren, spuersam mam Bensinn ëmzegoen.
Tankstell: E Geschäftsmodell ouni Zukunft?
Dacks huet een an de leschten Deeg héieren, datt een nach ze ofhängeg vun de fossille Brennstoffer wier, an déi ganz Situatioun e weidert Argument fir déi erneierbar Energien duerstellt. Och am Tansktellesecteur mécht ee sech doriwwer Gedanken, seet den Eric Bleyer.
Et géing een net dovun ausgoen, datt Tankstelle vun haut op muer verschwanne wäerten. Dofir wier een nach ze vill ofhängeg vum Pëtrol. Et wäerten der awer manner ginn.
Fir deem entgéintzewierke stelle sech d’Tankstelle méi breet op: Verkaf vu Biodiesel a Waasserstoff an natierlech Ladestatiounen fir E-Autoen. Och d’Butteker stelle sech méi breet op.
Et wäert awer nach eng laang Zäit Bensinn an Diesel verkaf ginn, do ass sech den Eric Bleyer sécher, soudatt een de Geschäftsmodell vun der Tankstell nach net vun haut op muer a Fro stelle misst.