De President vun der Lëtzebuerger Unioun vun de Rees-Agencen (ULAV), de Fernand Heinisch, hofft am 100,7-Interview, datt dat och weiderhin esou wäert bleiwen.
De Moment wier d’Situatioun “ganz dynamesch”, seet de Fernand Heinisch. Fir déi nächst Woche géife Méiglechkeete ginn, Reesen ze annuléieren oder ëmzebuchen.
“Mee natierlech déi Leit, déi elo Ouschtere gebucht haten, déi kënnen da gratis stornéieren oder ëmbuchen. Wat ech elo aus de Reesbüroen héieren hunn, wëllen déi meescht awer iergendwou an hir Vakanz goen. Mir probéieren do eis bescht, d’Agencen, fir nach eng aner Destinatioun ze fannen. Natierlech do ass elo ganz Europa an d'ganz Welt wëllt elo ëmbuchen. Dat ass vill Aarbecht. Mir maachen et awer och gär an eisen Agencen. Mir hëllefen eise Clienten do.”
Aner Destinatiounen als Méiglechkeet
Wann op enger Plaz “e bëssen Onrou ass”, da géifen d’Clientë mat den Agencen zesummen no anere Reesziler op der Welt sichen.
“Et gesäit een, datt och vill an Asie geet, (...) vill Thailand ass ganz gefrot, dann Afrika dohinner, dat wäert och elo nees méi unzéien, Südafrika, Namibia, an da muss ee kucken, ob elo Südamerika unzitt.”
D’Zuel vu Leit, déi de Moment Problemer hunn, z.B. aus Asien zréck an Europa ze reesen, well si an der Golfregioun net méi kënnen ëmklammen, géif sech dem Fernand Heinisch no a Grenzen halen.
“Mee natierlech deen Hub Abu Dhabi, Dubai, dat mécht eis schonn e bësse Gedanken, fir elo mol kuerzfristeg a mëttelfristeg a laangfristeg wësse mer jo net, wéi et weidergeet.”
Nieft der Golfregioun, géifen et nach aner Géigende ginn, op déi d’Leit manner wëlle reesen, huet de President vun der Lëtzebuerger Unioun vun de Rees-Agencen (ULAV) festgestallt.
“Wéi dat elo weidergeet, dat steet an de Stären”
“Dann hu mer d’USA z.B., ass och ee Réckgank allgemeng vu Buchungen dëst Joer. Dat huet awer villäicht méi mam President ze doen. (...) Datt d’Leit elo een Zeeche wëlle setzen.”
Allgemeng hätt d’Rees-Saison gutt ugefaangen, mat gudden Zuele bis Enn Februar.