arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Terrorgefor: Lëtzebuerg bleift onverännert op Niveau 2

VIGILNAT

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Terrorgefor: Lëtzebuerg bleift onverännert op Niveau 2

Den Niveau 2 vun der terroristescher Menace zu Lëtzebuerg bleift bestoen: Dat huet de GCT um Mëttwochowend an engem Communiqué matgedeelt. Wie sëtzt an deem Koordinatiounsgrupp, wéini kënnt en zesummen a wat huet et mat deem Niveau vun der terroristescher Menace op sech? 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

Dee Gremium, deem seng Vertrieder:inne sech reegelméisseg gesinn, war elo op Grond vun der Entwécklung vun der internationaler Sécherheetslag zesumme komm, heescht et. De Krich géint den Iran gëtt net offiziell genannt, mee et gëtt vum aktuelle geopolitesche Kontext geschwat. 

Aufgaben: Evaluatioun an Informatioun

Am “Groupe de coordination en matière de lutte contre le terrorisme” (GCT) sëtze Leit vum Geheimdéngscht, vun der Police, vum Parquet général, vum Parquet, vum Stater Geriicht, vun den Inne-, Justiz-, Aussen- an Defenseministèren a vum Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN).

De GCT kënnt beieneen, wann d’Situatioun et erfuerdert, bewäert déi da kontinuéierlech an informéiert de Premier iwwer d’Entwécklung vun der Sécherheets- oder Geforelag.

Niveau 2 vu 4 ("moyen")

Virum Hannergrond vun den Informatiounen, déi de vertruedenen Entitéite virloungen, huet de Koordinatiounsgrupp de Geforenniveau gëschter um zwee belooss. Dem sougenannte “VIGILNAT”-Plang vum Mäerz 2015 no, gëtt et véier där Niveauen. 

Den éischten ass den Niveau “faible”, wann eng terroristesch Menace méiglech, awer wéineg warscheinlech ass. Den zweeten ass den Niveau “moyen” - an deem mir elo sinn - wann eng terroristesch Menace reell, awer abstrakt ass. Den drëtten ass den Niveau “grave”, wann eng terroristesch Menace warscheinlech a konkret ass, an de véierten ass den Niveau “très grave”, wann eng terroristesch Menace konkret an imminent oder awer eng Attack geschitt ass. Jee no Warnniveau ginn déi néideg Mesuren ergraff.

Den Niveau war nach ni méi héich wéi zwee

De virdrun ugeschwaten “VIGILNAT”-Plang gouf viru ronn 11 Joer am Ministerrot ugeholl, eppes méi wéi zwee Méint no den Attentater vu Paräis op ënner anerem déi satiresch Zeitung Charlie Hebdo. Woubäi VIGILNAT fir "vigilance nationale" virun terroristesche Menacë steet.

Zu där jéngster Reunioun vum GCT wéinst der aktueller Situatioun, spréch dem Krich géint den Iran, koum et iwweregens bal zwee Joer no där virleschter. 

Am Mäerz 2024 war de Koordinatiounsgrupp no enger terroristescher Attack vun Islamisten op ee Concertssall bei Moskau beienee komm an hat och dunn de Warnniveau op zwee vu véier gesat. Den Niveau war och nach ni méi héich.

play_arrow Lauschteren