Den Accord gëtt exklusiv mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP verhandelt an do fënnt den OGBL als majoritär Gewerkschaft an de parastaatleche Secteuren, datt dat och mat hinne soll verhandelt ginn.
Eng 70.000 Fonctionairen a Salariéeën zu Lëtzebuerg hänken direkt oder indirekt vun de Verhandlungen iwwer een Accord salarial an der Fonction publique of. Nieft engen 30.000 Fonctionairë sinn et d’CFL, de Spidolssecteur, de Fleegen-a Sozialsecteur an nach aner Salariéen déi fir d’Gemengen zum Beispill schaffen. Do ass den OGBL majoritär mee huet awer kee Matsproocherecht wann et ëm den Accord salarial geet, erkläert de Frédéric Krier vum OGBL.
Schwiereg Relatiounen
Datt och mam OGBL soll verhandelt ginn, gesäit de Claude Reuter vun der Gewerkschaft fir d’Gemengepersonal net an, derbäi kéim datt et mam OGBL an de Verhandlungen iwwert d’Gemengesalariéen ëmmer schwiereg Relatioune ginn.
D’Argument datt déi Secteuren ewéi Spideeler an den SAS-Secteur vum Accord salarial indirekt géingen ofhänke kéint een net gëlle loossen. Näischt géif verbidden dat och lassgeléist vun der CGFP ze verhandelen.