search

/ FEDIL-President wëllt näischt vun engem Klassekampf an de Betriber wëssen

Industrie

|
headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow

FEDIL-President wëllt näischt vun engem Klassekampf an de Betriber wëssen

D'Industrie gesäit sech aktuell mat ville Sujete confrontéiert: Nei EU-Reglementer, de Logement zu Lëtzebuerg, oder nach d'KI, fir just e puer ze nennen. De President vun der Industriellefederatioun FEDIL, de Georges Rassel, hofft am neie Joer awer op neien Elan - virun allem an engem Punkt.

headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Gëschter um Freidegowend huet de FEDIL-President Georges Rassel op der Neijoerschreceptioun vun der Industriellefederatioun Deregulatioune gefuerdert. Dat fir d’Kompetitivitéit vun de Betriber zu Lëtzebuerg ze steigeren.

Ze komplex Reegele verhënnere kompetitiivt Schaffen, esou de Georges Rassel

Mat där Fuerderung stéisst hie beim Premier Luc Frieden op oppen Oueren. D’Regierung wier och Deel vun der Léisung, esou de Georges Rassel am 100,7-Interview, een Dag no der Neijoerschreceptioun.

D’Regierung misst d’Bestriewungen, déi vu Bréissel kommen, ënnerstëtzen an ëmsetzen. Am Laf vun de leschte Joerzéngte wier e Reegelwierk entstanen, dat ze komplex ass. D’Betriber kéinten net méi kompetitiv schaffen, kritiséiert de FEDIL-President.

Reegelen dierfen "net all zwee Joer nees anescht sinn"

An der Industrie hätt een dacks international Zouliwwerer. Wa vun deene ganz genee Donnéeën zur Produktioun oder Liwwerkette gefuerdert ginn, géingen déi dacks falsch Rapporte liwweren, oder den Handel carrement stoppen, fir mat net-europäesche Länner ze schaffen, warnt de Georges Rassel.

Den europäeschen Omnibus Package 1 soll ënner anerem zu enger Simplification administrative féieren, steet allerdéngs och an der Kritik, datt wichteg Standarden - beispillsweis wat Liwwerketten ugeet - verluer kéinte goen.

Hie betount awer och, datt een net all Reegel ofschafe wéilt. Villes am Beräich vun der Nohaltegkeet an Ëmwelt wier esouguer begréissenswäert. Et dierft just "net all zwee Joer nees anescht sinn".

Och Europa kann am KI-Secteur e Wuert matschwätzen

D’EU schafft aktuell och un engem digitalen Omnibus, deen zum Deel och d’KI betrëfft. Dëse Marché gëtt aktuell nach vu groussen US-amerikaneschen Tech-Entreprisen dominéiert. Dat géing awer net heeschen, datt een an Europa keng kompetent Leit an deem Domän hätt, ënnersträicht de Georges Rassel.

“Wann de Wëllen do ass, da kënne mir och eng KI opbauen. Dës Technologie ass nach ëmmer am Ufanksstadium. Mir hu Beispiller an Europa, déi si just nach net esou bekannt. Da gi se net esou vill gebraucht a ginn doduerch manner finanzéiert.”

Et wier een Däiwelskrees, mengt de FEDIL-President. Mee: Et wier wichteg, méi autonom an onofhängeg vun de groussen amerikaneschen Entreprisen ze ginn.

Industrie net ganz onschëlleg, wat d'Logementskris ugeet

Wat d’Situatioun zu Lëtzebuerg ugeet ass de Georges Rassel gëschter um Donneschdegowend a senger Ried och op d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg agaangen an huet dës als "toxesch" beschriwwen.

Eng Deelschold, dat gëtt hien zou, läit och bei der Industrie, déi jorelaang méi Wuesstem gefuerdert huet, ouni datt awer den entspriechende Wunnraum fir d’Salariéë konnt gebaut ginn. Mee och d’Politik misst Responsabilitéit iwwerhuelen.

“Wuesstem brauche mir fir eise Wuelstand an eis Sozialsystemer dauerhaft ze finanzéieren. Déi demographesch Entwécklung weist, datt d’Generatioun vun de Baby Boomer zeréckgeet. Mir brauchen awer Leit, déi Cotisatioune bezuelen.”

Méi Flexibilitéit fir Frontalieren

Et géing een och mierken, datt ëmmer manner Frontaliere Loscht hätten, den deels zäitintensiven Trajet bis op Lëtzebuerg ze maachen. An deem Kontext fuerdert Frankräich jo, datt Grenzgänger bis zu 40 Prozent vun hirer Aarbechtszäit am Homeoffice verbrénge kënnen. Lëtzebuerg wëllt just maximal 25 Prozent erlaben.

De Georges Rassel ënnersträicht awer, datt just een Deel vun de Grenzgänger vum Homeoffice profitéiere kann. Hie warnt och virun engem eventuellen Ongläichgewiicht tëschent deenen, déi vun doheem aus schaffe kënnen an deenen, déi dat net kënnen.

“Am beschte wier, mir kéinten dat onofhängeg vun der Aarbechtsplaz tëschent de Mataarbechter an den Entreprisë reegelen.”

Méi Flexibilitéit also, schliisslech wieren déi beschte Léisungen déi, déi am Betrib geholl ginn an net vun uewen erof decidéiert ginn, mengt de Georges Rassel.

Neie Minister, neien Elan?

Am 100,7-Interview ass de FEDIL-President och op de Sozialdialog agaangen.

Hie kritiséiert, datt d’Gewerkschafte vun engem Klassekampf schwätzen, dee guer net der Realitéit entsprieche géing. A ville Betriber géingen d’Delegatiounen an d’Direktioun gutt matenee schaffen.

Den neien Aarbechtsminister Marc Spautz sollt dofir och a Kleng- a Mëttelbetriber kucke goen, an net just op dat lauschteren, wat d’Gewerkschafte rapportéieren, esou de Georges Rassel.

Wat den neie Minister ugeet, hofft de President vun der Industriellefederatioun op "neien Elan". Et sollt een och net ëmmer alles opwullen, wat an der Vergaangenheet läit.

Eng Entrevue tëschent der FEDIL an dem Marc Spautz soll deemnächst festgeluecht ginn.

 

 

play_arrow Lauschteren