search

/ Ex-President Alexander Vučić verléiert Parlamentswal a Serbie géint Studentebeweegung

Europa

|
reading time

2 min

Ex-President Alexander Vučić verléiert Parlamentswal a Serbie géint Studentebeweegung

A Serbien huet d’Studentebeweegung de bisherege President Alexander Vučić a seng rietspopulistesch Partei SNS an de Parlamentswale geschloen. Um kuerz virun 22:00 Auer gëschter Owend huet hie seng Defaite agestanen. No éischten Héichrechnunge kritt d’Studentelëscht déi absolut Majoritéit. 

reading time

2 min

Supporter vun der Studentebeweegung feieren no der gewonnener Wal zu Belgrad | © EPA/MARKO DJOKOVIC
Supporter vun der Studentebeweegung feieren no der gewonnener Wal zu Belgrad (Foto: EPA/MARKO DJOKOVIC)

Nodeems d’Wallokaler am Land um 20:00 Auer zougemaach hunn, war d’Spannung grouss.

Angscht viru Walbedruch an Ausschreidungen

Schonn de ganzen Dag huet déi serbesch Walbeobachtungsmissioun CRTA op Pressekonferenze Versich vu Walmanipulatioun ëffentlech gemaach. Kuerz no 20:00 Auer huet hiren Direkter Rasa Nedeljkov nach gewarnt, datt d’Auszielen dauere kéint.

Am Owend huet d’Police Stroossen am Regierungsquartier ofgespaart, dat Schlëmmste gouf erwaart.

Um kuerz virun 22:00 Auer koum dann d’Nouvelle: Den Aleksandar Vučić akzeptéiert no der éischter Héichrechnung d’Defaite. 

Party an de Stroosse vu Belgrad

Dunn ass beemol alles ganz séier gaangen: D’Stroossen zu Belgrad hu sech mat Leit, déi gefeiert, gedanzt a gekrasch hunn, gefëllt.

"Ech fille mech verréckt, super, ech fille mech, wéi wann ech grad eng Milliard Dollar gewonnen hätt."

Seet eng jonk Studentin, déi mat villen aneren op der grousser Kräizung virum Parlament feiert, wou stonnelaang keen Auto méi duerchkënnt. 

Studentebeweegung ass nach net al

No den éischten Héichrechnunge kritt d’Studentelëscht tëscht 135 an 140 Sëtzer am Parlament an hätt domat eng absolut Majoritéit. 

Virun zwee Joer ass déi basisdemokratesch a politesch breet opgestallte Beweegung aus Protester géint déi autoritär Regierung vum Aleksandar Vučić a senger Partei SNS entstanen. Elo wäert se selwer d’Regierung stellen an dat ganz ouni Beruffspolitiker. 

Neie Regierungschef kéint elo den Ilija Srdanović ginn, ee Kardiolog aus Novi Sad, dee bis zu senger Nominéierung duerch d’Studente politesch bekannt war.

Historesch Walbedeelegung

Verdankt huet d’Beweegung déi Victoire och enger historesch héijer Walbedeelegung vu 70 Prozent, déi héchsten zënter dem Zerfall vu Jugoslawie virun iwwer 30 Joer.

Bis spéit an d’Nuecht sinn d’Leit op der Strooss gewiescht a sech an d’Äerm gefall. 

Et wäert elo eng Iwwergangszäit ginn, déi 14 Joer laang Herrschaft vun der SNS huet Spueren hannerlooss. Wéi déi nei Regierung dat genau stemme soll, dat gouf an der Walnuecht net méi decidéiert. Déi war nämlech fir ze feieren do.