Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Chet Faker - Get High

play_arrow Live
search

/ Evan Gershkovich: Prozess géint amerikaneschen US-Journalist huet a Russland ugefaang

Hanner zouenen Dieren

Evan Gershkovich: Prozess géint amerikaneschen US-Journalist huet a Russland ugefaang

A Russland huet de Prozess géint den amerikanesche Journalist Evan Gershkovich ugefaangen. Den 32 Joer ale Korrespondent vum Wall Street Journal sëtzt zënter iwwert engem Joer a Russland am Prisong wéinst Spionage-Virwërf.

auto_stories

1 min

Evan Gershkovich | © picture alliance / Globa Look Press | Petrov Sergey
Evan Gershkovich (Foto: picture alliance / Globa Look Press | Petrov Sergey)

Den Ugeklote war fir den Optakt vum Prozess an de Geriichtssall zu Jekaterinburg am Ural bruecht ginn. De Prozess ass net ëffentlech. De russesche Parquet geheit dem Gershkovich fir, am Optrag vum amerikanesche Geheimdéngscht CIA geheim Informatioune gesammelt ze hunn. D‘USA dementéieren dat.

De Kreml mellt, datt am Moment Gespréicher géife lafe fir een Austausch vu Prisonéier.