Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Hannah Ida - Sea Of Leaves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eurozon: PIB ass stabel bliwwen - Däitschland awer an der Rezessioun

Wirtschaft

Eurozon: PIB ass stabel bliwwen - Däitschland awer an der Rezessioun

D‘Eurozon kënnt sou just laanscht eng Rezessioun: de PIB an den 20 Eurolänner ass am leschten Trimester 2023 stabel bliwwen, nodeems en tëscht Juli a September liicht ëm 0,1 Prozent zeréckgaange war.

auto_stories

1 min

Op d'ganzt Joer gekuckt, huet d‘Eurozon eng Croissance vun engem hallwe Prozent par Rapport zu 2022 verzeechent. 

Déi däitsch Economie ass Enn 2023 iwwerdeems zeréckgaangen: de PIB ass am 4. Trimester ëm 0,3 Prozent par Rapport zum Trimester virdrun geschrumpft. Domat confirméiert dat däitscht Statistikamt déi liicht Rezessioun an Däitschland.

Déi dräi éischt Trimestere vum leschte Joer gouf et eng Stagnatioun, sou datt op d‘ganzt Joer 2023 gekuckt, déi däitsch Wirtschaft ëm 0,3 Prozent zeréckgaangen an ass. D‘Experte rechnen och 2024 mat engem schwierege Joer.