Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europawalen: Wouhi muss déi europäesch Klimapolitik elo steieren?

Table ronde

Europawalen: Wouhi muss déi europäesch Klimapolitik elo steieren?

No hirem Amtsuntrëtt 2019 hat d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Prioritéiten a Saache Klimapolitik nach ganz selbstbewosst mat der Moundlandung verglach. Kritiker soe lo, d’Erwaardunge wiere bei wäitem net erfëllt ginn. Wéi soll et elo weidergoen? Véier Kandidatinnen a Kandidaten hu sech där Fro an eiser Table ronde zum Theema Klimapolitik gestallt.

auto_stories

3 min

headphones

30 min

play_arrow
V. l. n. r.: Martine Kemp, André Marques, Nadine do Carmo an d'Tilly Metz. (Foto: Jo Diseviscourt)

Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, ze héich Mierestemperaturen a schlecht Recolten duerch Waassermangel: D’Konsequenze vun der Äerderwiermung hu sech an de leschte Joren iwwerall an Europa bemierkbar gemaach. Wéi et awer konkret a Saache Klimapolitik viru goe soll, doriwwer ware sech d’Vertrieder vun CSV, déi gréng, d’Piraten an déi Lénk op eiser Table ronde net eens.

Piraten: Belounungs- amplaz Verbuetspolitik

D’CSV plaidéiert an hirem Walprogramm fir eng “onverkrampfte” Klimapolitik, déi equilibréiert soll sinn a méiglecht fräi vu Contrainten, esou d'Martine Kemp. D’Tilly Metz ass kritesch vis-à-vis vum klimapolitesche Bilan vun der Kommissioun von der Leyen. Déi gréng sti fir eng héich Investitiounspolitik, déi et méiglech maache soll, op EU-Niveau schonn 2040 klimaneutral ze sinn amplaz réischt 2050, sou wéi de Green Deal et den Ament virgesäit.

D’Pirate schwätzen sech fir eng méiglechst biergerno Approche aus, gekoppelt mat eng Belounungsmechanismus. Proposéiert gëtt notamment ee “Klimabonus” fir Persounen, déi besonnesch klimafrëndlech liewen. Dës Mesure géif jidderengem zegutt kommen, dee Critèren erfëllt, onofhängeg vum Akommes, sou d’Nadine do Carmo.

"Mir sinn éischter fir eng Belounungspolitik, wéi fir eng Verbuetspolitik. D'Leit, déi wëllen eben ekologesch liewen, oder probéieren, déi sollen dann eebe belount ginn. An duerch dee Klimabonus solle si d’Moyene kréie fir ekologesch Produkter ze kafen."

Déi Lénk wëlle manner Autoen, d'CSV kee Verbrennerverbuet ab 2035

Déi Lénk fuerderen ee radikale Systemwiessel: Déi ökologesch Fro kéint net gekläert ginn, ouni déi sozial Fro ze stellen. Den André Marques huet och erkläert, datt et de Lénk no net géif duergoen op Elektromobilitéit ze setzen. Zil sollt et sinn dofir ze suergen, datt vill manner Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn.

"Mir sinn der Meenung, datt mir do méi an ëffentlech Transport mussen investéieren: Méi Nuetszich, méi Zich, méi Vëlosweeër, méi Stied, wou alles zimmlech no erreechbar ass, fir datt mir manner op den Auto mussen zeréckgräifen.Villäicht och souguer mat Carsharing kucken, well mir gesinn an de Statistiken, datt den Auto oft do stéiert an 90 Prozent vun der Zäit net genotzt gëtt."

D’EVP, där och d’CSV ugehéiert, fuerdert, datt de Verbrennerverbuet fir nei Autoen ab 2035 erëm soll réckgängeg gemaach ginn. Et wier een industriepolitesche Feeler, hat hire President Manfred Weber gesot. D’Martine Kemp deelt déi Aschätzung, wann och an anere Wierder.

"Fir eis geet et drëms, datt mir als Politik net der Industrie virschreiwen, wéi eng Technologien si op de Marché ze bréngen hunn a wéi eng net."

Tilly Metz: D'Industrie muss laangfristeg plange kënnen

Eng ganz aner Meenung vertrëtt d’Tilly Metz. Si warnt virun engem “Zick-Zack-Kurs”, deen d’Industrie ebe grad géif veronsécheren, am Fall wou d’Interdictioun erëm géif opgehuewe ginn. Si verweist och op d’Revisiounsklausel, déi am Verbuet agebaut ass, an 2028 spille soll.

"Da kuckt een och, wou si mir iwwerhaapt dru mat den Infrastrukturen. Da kann et duerchaus sinn, datt ee seet: 'Mir si mat den Infrastrukturen net sou wäit, mir mussen dat vläicht ëm dat eent oder dat anert Joer no hanne verleeën."

Dat wier alles ewéi net dogmatesch, esou d'Tilly Metz. "Dat ass ganz pragmatesch, realistesch”, huet déi gréng Europakandidatin ënnerstrach.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europawalen
Mobilitéit
Politik
Ëmwelt