Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesche Geriichtshaff hält Milliardestrof géingt Google fir rechtskräfteg

2,4 Milliarden Euro Strof

Europäesche Geriichtshaff hält Milliardestrof géingt Google fir rechtskräfteg

Google steet méiglecherweis virun engem weidere Réckschlag virum europäesche Geriichtshaff. An engem Avis huet eng Generalaffekotin d‘Amende verdeedegt, déi d‘EU-Kommissioun 2017 géint den Internetgigant ausgeschwat hat. Deemno sollt Google 2,4 Milliarden Euro Strof bezuelen, well si bei der Online-Recherche hiren eegene System fir Produiten ze vergläichen, favoriséiert hätt.

auto_stories

1 min

An den Ae vu Bréissel e Verstouss géint d‘Reegele vun der fairer Konkurrenz. Mat engem éischte Recours virum Geriicht vun der Europäescher Unioun war Google scho gescheitert. Den Avis vun der Generalaffekotin vum Europäesche Geriichtshaff ass fir d‘Riichter net bindend, gëtt awer an der Reegel zeréckbehalen.

Mat engem Urteel ass allerdéngs eréischt an e puer Méint ze rechnen.