Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa ënner Zuchzwang

Fräie Mikro

Europa ënner Zuchzwang

Déi politesch Turbulenzen, déi déi lescht Wochen a Méint Weltgeschéie gepräägt hunn, stellen déi kollektiv Wäerter a Fro, déi eis europäesch Gemeinschaft ausmaachen. Déi demokratesch Fundamenter sinn um Wackelen, mir stiechen an enger déiwer moralescher Kris, déi politesch mat aller Häert ausgeschluecht gëtt, dat constatéiert de Journalist Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Europa ass a Schockstarre geroden. Op där enger Säit, aus dem déiwen Osten, bléist e kale Wand vu Krichsgefechter a Geschichtsrevisionismus, gepaart mat Ugrëffer géint westlech Wäerter. Op där anerer Säit, iwwert den Atlantik eraus am Wëlle Westen, gëtt d’Meenungsfräiheet mëssbraucht, fir d’Realitéit ze verzerren an Europa klengzekréien.

Eis europäesch Gesellschafte si schlecht virbereet, fir deem entgéint ze trieden. Déi Nokrichsgeneratiounen hu joerzéngtelaang mat der Iddi gelieft, datt déi europäesch Konstruktioun Fridden a Wuelstand géif bréngen. Déi däitsch-franséich Versönung huet déi Perceptioun bestäerkt, an de wirtschaftleche Wuesstem huet trotz munche Réckschléi laang fir Zweckoptimismus gesuergt.

Eng Rei Konflikter sinn net ofschléissend gekläert

Dobäi gëtt séier vergiess, datt et um europäesche Kontinent nom Zweete Weltkrich nach eng grouss Unzuel u Konflikter gouf, och wa si éischter e regionalen Ausmooss haten. Et gëtt gär vergiess, datt de Biergerkrich an Nordirland nëmmen duerch d‘Interventioun vun den USA zu engem friddlechen Ofschloss konnt kommen, woubäi et nach haut tëschent den Protagoniste liicht brodelt. Et gëtt dacks vergiess, datt an den 1990er-Joeren e Krich de Balkan verwüst huet. Eng permanent Wafferou konnt dank dem Dayton-Ofkommen entstoen, mee d’Spannunge sinn nach bis haut extrem héich a riskéieren, zu all Moment d‘Polverfaass nees an d’Luucht ze sprengen. Och wat de Kosovo betrëfft, ass sech d’europäesch Staategemeinschaft net eens, well d‘Onofhängegkeet nëmme vun engem Deel unerkannt gëtt. Een anert Beispill ass Zypern, dat an d‘EU erakoum, ouni datt de Problem vun der gedeelter Insel politesch geléist gouf, an dat bis haut net.

Sech erëm méi op d'Wuelbefanne vun der ganzer Gesellschaft fokusséieren

Grad an enger Zäit wou Europa säin Afloss weltwäit verléiert, wiisst an de westlechen Demokratien d’Verdrossenheet géintiwwer der Politik. Ëmmer méi Wieler tendéieren zu den politeschen Extremen, op riets oder lénks. D’Etude Polindex, déi d’lescht Woch an der Chamber virgestallt gouf, seet datt zu Lëtzebuerg an de leschten 20 Joer d‘Proportioun vun de Bierger, déi mat der Demokratie zefridde sinn, vu 90 Prozent op 68 Prozent gefall ass. Iwwert een Drëttel vun den jonke Lëtzebuerger si bereet, op d’Demokratie souguer ze verzichten, bei den Net-Lëtzebuerger tëschent 18 a 24 Joer bal d'Hallschent.

Wat ass dann do alles schif gaangen? D’Politisch Parteien hunn ouni Zweiwel eng grouss Verantwortung un dem Vertrauensverloscht, mee si sinn net déi eenzeg. D’Medien, d’Verwaltungen, d’Betriber, d’Gewerkschaften, d’ONG an aner Gruppéierunge spillen all eng wichteg Roll am demokratesche System, mee vill vun deene si méi op hir Eegeninteresse fokusséiert wéi op d’Wuelbefanne vun der ganzer Gesellschaft.

Och den eenzelne Bierger huet eng Responsabilitéit

Jo, och den eenzelne Bierger ass net onschëlleg un där Situatioun. Säi Matsproocherecht mécht am meeschte Sënn, wann hien op Wëssen a Kompetenz an eiser Gesellschaft setzt, amplaz all deenen nozeäiferen, déi d’Lektiounen aus der Vergaangenheet entweder verdrängen, oder déi fir hir eege politesch oder ideologesch Zwecker instrumentaliséieren.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow