An Däitschland sinn et 52.662 Stonnen, an der Belsch 52.750. Am Schnëtt schaffen d‘Awunner vun der Europäescher Unioun ronn 57.300 Stonnen an hirem Liewen.
Um ieweschten Enn vun der Skala stinn d‘Esten, mat iwwer 71.000 Aarbechtsstonnen. Och bei der Berechnung vun de Joren, déi e Mënsch duerchschnëttlech am Aarbechtsliewe verbréngt läit Lëtzebuerg am ënneschten Drëttel mat knapp 35 Joer. Do féieren d‘Islänner de Ranking un, mat ronn 45 Schaffjoren.