Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx, robyn - Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ginn Ännerunge beim Mietgesetz

Chamber

Et ginn Ännerunge beim Mietgesetz

D’Mietgesetz gëtt haut an der Chamber ofgeännert. An deem Gesetz gëtt festgehalen, datt d’Kautioun, déi ee Locataire muss hannerleeën, net méi bei dräi, mee bei zwee Loyere läit. Dobäi kommen nach eng Rei aner Ännerungen.

auto_stories

1 min

Esou ginn et zum Beispill kloer Reegelen, wéi déi Garantie un d'Locatairë muss rembourséiert ginn. D'Kommissioun, déi un d’Immobilienagence geet, gëtt an Zukunft zur Hallschent vum/vun der Proprietär:in a vum Locataire bezuelt.

Weider ginn d’Wunngemeinschaften nei gereegelt. De Proprietär oder d'Proprietärin muss dofir gréng Luucht ginn an déi eenzel Leit mussen ee sougenannte Co-Locatiounspakt ënnerschreiwen.

De Gesetzesprojet, dee vum grénge Logementsminister Henri Kox deponéiert gi war, gouf ënner der aktueller CSV-DP-Regierung nach eng Kéier ofgeännert. De Staatsrot hat eng Rei formell Oppositioune formuléiert, deene Rechnung gedroe gouf. Mee d’Regierung wollt och besser Konditioune fir d'Investissement schafe, fir de Bausecteur ze ënnerstëtzen.

Gestrach gouf eng méi kloer Formulatioun iwwer d'Limitt vum maximale Loyer, deen dierf gefrot ginn. Déi Berechnung war awer ëmstridden, esou datt den Artikel am Mietgesetz iwwer eng Limitt vum Loyer, déi bei 5 Prozent vum investéierte Kapital läit, dra stoe bleift. Nach ëmmer onkloer bleift awer, wéi den Invest berechent gëtt.

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft