D'Ökoinitiativ huet wuel eng Konventioun mat der Escher Gemeng. Et waren och Sue vum Ëmweltministère erwaart ginn, déi esou awer net ausbezuelt goufen. D‘Ëmweltministsch Joëlle Welfring seet am Tageblatt, datt de Ministère enger Co-Finanzéierung vun der Konventioun vun 2020 bis 2022 ni zougesot hat. Doriwwer wier et nämlech ee Refus vun der Finanzkontroll ginn, an dat well d‘Ëmweltfongsgesetz et iwwerhaapt net erlaabt, datt eng ASBL ënnerstëtzt gëtt.
De gréngen Escher Schäffe Meris Sehovic seet och, et wier kloer fir jidderee gewiescht, datt Benu déi Sue vum Staat net géif kréien. Elo awer sti 40 Aarbechtsplazen um Spill.
Et lafe Gespréicher: den Escher Schäfferot steet weider hannert dem Projet, esou de Meris Sehovic. Den Ëmweltministère préift, wéi si de Projet weider kënnen ënnerstëtzen, esou d‘Tageblatt.