Erneierbar heescht zu Lëtzebuerg virun allem Photovoltaik a Wandenergie an och d’Geothermie, Biomass a Waasserstoff. Fir de Waasserstoff, besonnesch an der Industrie, ginn et wuel Pläng wat den Uschloss un europäesch Netzer betrëfft. Momentan ass dat awer nach Zukunftsmusek.
Trend bei der Photovoltaik dréint sech
Méi konkret ass den Ausbau vun der Photovoltaik. Ween haut op déi lëtzebuergesch Diecher kuckt, gesäit am Verglach mat Däitschland oder der Belsch nëmme wéineg Panellen. Den Trend dréint sech awer grad, wéi den Direkter vum Departement erneierbar Energien an der Direktioun fir Energie am Wirtschaftsministère, Georges Reding confirméiert.
"Wat mir awer gesinn, dat ass d‘Unzuel vun den Uschlëss déi an engem Joer gemaach gi sinn, wann ech mech net iere waren et der d‘lescht Joer iwwer 2.000 Uschlëss vu Photovoltaik-Anlagen. A wéi et ausgesäit komme mer do dëst Joer däitlech driwwer."
Ganz à jour wieren d'Zuelen nach net. De Georges Reding geet awer dovun aus, datt ëm 3.000 Anlagen dëst Joer a Betrib geholl goufen.
Primmepolitik déi fir vill Demande suergt
Eng Primmepolitik déi bis zu 62,5 Prozent vum Investissement iwwerhëlt huet fir vill Nofro gesuergt. Dat confirméieren och d’Zuelen aus dem Ëmweltministère dee fir d’Ausbezuele vun de Primmen zoustänneg ass.
Dëst Joer goufen deemno Stand Enn November 2038 Demandë fir Photovoltaik-Primmen agereecht, 685 Demandë mat engem Volume vun iwwer 2,8 Milliounen Euro goufen ausbezuelt. Am Ministere geet een dovun aus, datt d’Zuel virun allem elo am Dezember nach eemol wäert klamme well déi ganz héich Primmen d’nächst Joer sollen auslafen.
Derbäi kënnt, datt d’Materialengpäss net méi esou akut sinn an d’Entreprisen sech a Tëschenzäit besser op d’Demande agestallt hunn. Och déi administrativ Barrièrë goufen op ville Platzen aus de Féiss geraumt.
Gros vun der erneierbarer Energie kënnt aus grousse Projeten
E Véierel vun der kompletter erneierbarer Energie zu Lëtzebuerg kënnt laut ILR mëttlerweil aus der Photovoltaik . De Volume u produzéiertem Stroum kënnt awer éischter aus méi grousse Projeten.
"Sief dat déi grouss Ausschreiwungen op den Diecher, sief et déi Agri-PV Ausschreiwung déi mer elo dëst Joer haten oder déi fir den Eegeverbrauch an der Industrie ze promouvéieren. Do komme wierklech gréisser Anlagen an och gréisser Quantitéiten déi och nennenswäert dann op eis Zielerreechung awierken."
D’Industrie an och aner Betriber hätten ënner anerem wéinst de méi héije Stroumpräisser groussen Interêt un deenen Ausschreiwunge gewisen.
Photovoltaik eleng geet net duer
Trotz Primmen, Solarkadaster an héijer Nofro: Fest steet och, datt Lëtzebuerg säin Ziel, fir bis 2030 ronn en Drëttel vu senger Energie nohalteg ze produzéieren net eleng mat Photovoltaik wäert erreechen. Mat 27 Prozent Undeel un den erneierbaren Energië spillt och d’Wandenergie eng grouss Roll. Nieft Repowering, also ersetze vu klenge Wandrieder duerch méi grouss Installatiounen, sinn och nei Projete geplangt.
"Dëst Joer sinn haaptsächlech dräi grouss Projete realiséiert ginn: Ernzdall, dat sinn dräi Anlagen, Duelem si fënnef Anlagen a Südwand sinn zwou Anlagen, entweder an der Fäerdegstellung oder si sti schonn, an och fir déi nächst Jore wësse mer schonn, datt eng ganz Rei Projeten an der Pipeline sinn.
Biomass, Geothermie a virun allem d’Akafen a grouss Projete vu Wandenergie am Ausland, zum Beispill an Dänemark oder an der Belsch, si weider Optioune fir Zukunft. Entweder an der Fäerdegstellung oder si sti schonn. Och fir déi nächst Jore wësse mer schonn, datt eng ganz Rei Projeten an der Pipeline sinn.