Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dojo Cuts - I Got You

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Eran Eraus, an elo?": Mannerjäreger gehéieren net an de Prisong

Keng Plaz an der UNISEC

"Eran Eraus, an elo?": Mannerjäreger gehéieren net an de Prisong

Mannerjäreger gehéieren net an de Prisong. Dat ass eng kloer Fuerderung vun der Organisatioun “Eran, eraus an elo?” haut, Mëttwoch, virun der Press. D’Realitéit géif nämlech anescht ausgesinn, wéi ee rezente Fall weise géif, wou ee Mineur zu Schraasseg placéiert gouf. 

auto_stories

1 min

Zanter 2019 wieren am ganze 27 Mannerjäreger an de Prisong fir Erwuessener komm. Ënnert anerem well an der Struktur fir Jonker UNISEC zu Dräibuer keng Platz méi war. Dat ass fir d‘Interessevertriedung fir Prisonéier a Ex-Prisonéier inacceptabel. 

Lëtzebuerg wier schonn dacks vun internationalen Organer, wéi der CPT (dem europäesche Comité fir d’Preventioun vu Folter) kritiséiert ginn. "Eraus, eran an elo" schwätzt vu politescher Inkompetenz a kritiséiert, datt et kee klore Gesetzestext a keng kloer Krittäre gëtt, wéini eng mannerjäreg Persoun op Schraasseg oder an d’UNISEC kënnt.

D’Organisatioun fuerdert, datt hannerfrot gëtt, firwat d’UNISEC dacks voll ass, an, datt adequat Strukture fir Jonker hei am Land geschaaft ginn, wou d’Mineure besser betreit kënne ginn.