Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Entgéint Behaaptunge vun der Biergerinitiativ: Kronospan huet déi néideg Autorisatiounen

Ministère a Gemeng confirméieren

Entgéint Behaaptunge vun der Biergerinitiativ: Kronospan huet déi néideg Autorisatiounen

Den Industriebetrib Kronospan huet déi néideg Autorisatioune fir d'Exploitatioun vun enger Verbrennungsanlag zu Suessem - anescht also wéi vun der Biergerinitiativ BIGS behaapt. Dat confirméieren den Ëmweltministère an d'Gemeng op Nofro hin.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Kronospan | © picture alliance / JOKER | Paul Eckenroth play_arrow
Foto: picture alliance / JOKER | Paul Eckenroth

Déi Suessemer Buergermeeschtesch seet am 100,7-Interview, Kronospan misst an den nächste Wochen och déi néideg Autorisatioun kréie fir de Bau vun enger neier Hal an der Industriezone Gadderscheier. Domat léichen dann all d'Autorisatioune fir déi aktuell Aktivitéite vir.

Op Gemengenniveau war awer effektiv ee Baustopp fir déi nei Industriehal verhaange ginn. Dat confirméiert d'Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz. Mee si kéint net confirméieren, datt "illegal Aktivitéiten" do wieren.

"Wat ech confirméiere kann, dat ass, datt ech si gestoppt hunn op engem Bau vun enger Hal, wou si wollte bauen, (...) déi kann autoriséiert ginn, mee wou nach d'Ënnerschrëft nach net ënner dem Dossier war."

D'Direktioun vu Kronospan war bis ewell net fir eng Reaktioun ze erreechen.

D’Biergerinitiativ BIGS preziséiert, datt si d’Informatioun nethat, datt d’Autorisatioun fir d’Bedreiwe vun der Verbrennungsanlag mëttlerweilvirläit. An den offiziellen Dokumenter, déi si konnt am Februar consultéieren,wier net dovu rieds gaangen. D’BIGS hätt den Ëmweltministère elo gefrot, firdéi concernéiert Autorisatiounen ze kréien. No enger Analys géif een déi dannoch kommentéieren, esou d’BIGS.

Lauschterenplay_arrow