Dorënner Mannerjäreger an Erwuessener, Professeren, fréier Schüler:innen an aktuell Schüler:innen, esou de Parquet. D‘Enquête wier am November opgemaach ginn a wier nach amgaangen. 16 Enquêteure vun der Police judiciare sinn dru bedeelegt.
D'Aktivitéite vum Theatergrupp sinn elo temporär suspenséiert, esou den Educatiounsministère an engem Communiqué. Och d‘Enseignanten, déi deen Theatergrupp encadréiert hunn, wieren dispenséiert. De Lycée Hubert Clement u sech wier awer net affektéiert a géif normal fonctionéieren, heescht et weider.
D‘Direktioun vum Lycée Hubert Clement hätt d‘Affär Enn Oktober beim Parquet denoncéiert, nodeems se Temoignage kritt hat, datt et do Virfäll mat sexueller Konnotatioun ginn hätt.
An enger viregter Versioun hate mir geschriwwen, d'Enseignanten déi den Theatergrupp encadréiert hate wiere suspendéiert ginn. Si goufen awer dispenséiert, mir hunn den Artikel entspriechend ugepasst.