De Januar 2024 war deen aachte Mount hannerteneen, deen dee wäermste war, zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. All Kéier am Verglach mat de respektive Vergläichsméint.
Manner russescht Gas an Europa
Op dës rezent Informatioun vum Äerdobservatiounsprogramm Copernicus verweist de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg, fir ze erklären, datt duerch dës Rekordtemperature manner Gas verbraucht gouf.
Ënnert anerem dowéinst wieren d’Präisser däitlech gefall. Allerdéngs bleiwen d’Präisser op engem héijen Niveau, seet den Erik von Scholz.
"Wir stehen strukturell höher als vor der Energiepreiskrise und das liegt daran, dass russisches Gas deutlich weniger nach Europa kommt und nur teilweise kompensiert wird durch LNG-Gas."
LNG - oder verflëssegten Äerdgas - wier awer duebel sou deier, wéi Gas aus Russland, ënnersträicht de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg.
"Und es ist nicht in so grossen Mengen zur Verfügung, wie russisches Gas."
“Versuergungs-Lücke”
Wann am Oktober d’Wanterperiod an Europa ufänkt, an d’Temperature sech géifen normaliséieren, da kéinten et dem Erik von Scholz no Problemer mat der Versuergung ginn.
"Wir haben strukturell eine Gasversorgungslücke, wenn die Wirtschaftsleistung und die Temperaturen normal sind."
Vill Experte géife vun dëser “Versuergungs-Lücke” schwätzen.
"Die sehen wir einfach nicht, weil es in China ein Wirtschaftsproblem gibt, in Europa auch, und die Temperaturen weltweit so hoch sind."