Radioen

On air

Notturno  |  Ruth Garbus - Mono No Aware

play_arrow Live
search

/ Engseignantsgewerkschafte fuerderen Vollzäiterzéier:innen am Cycle 1

Educatioun

Engseignantsgewerkschafte fuerderen Vollzäiterzéier:innen am Cycle 1

Dräi Enseignantsgewerkschafte fuerderen, datt fir all Klasse vum 1. Cycle e Vollzäiteducateur- oder Educatrice agefouert gëtt, sou wéi dat schonn an der Precoce de Fall ass. Zäitweis Erzéier:innen an der Klass, wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, géifen net duergoen.

auto_stories

1 min

Educatioun | © Bigstock / jd8
Educatioun (Foto: Bigstock / jd8)

An der Spillschoul géif d‘Basis fir dat spéidert Schoulliewe fir d‘Schüler:inne geluecht ginn, schreiwen SNE, AIP an ALEE. Et wier ganz wichteg, datt déi kleng Kanner méi individuell begleet ginn.

Si wieren sech bewosst, datt den Educatiounsministère net vun haut op muer kéint op déi Fuerderung reagéieren. Si hätten awer gären, datt de Ministère sech engagéiert, e Rekrutéierungsplang, zesumme mat hinnen, auszeschaffen, dee fir déi nächst Rentrée prett wier.