search

/ Eng Testfaart mam autonomen Auto vun der Uni Lëtzebuerg

Mobilitéit a Wëssenschaft

|
headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Eng Testfaart mam autonomen Auto vun der Uni Lëtzebuerg

Um Kierchbierg testen d'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg reegelméisseg hiren autonomen Auto. Dat op normale Stroossen. Mir ware bei esou enger Testfaart mat dobäi.

headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Bis 2028 soll Lëtzebuerg dat éischt europäescht Land ginn, dat autonoomt Fueren op sengem ganzen Territoire méiglech mécht. Dat ass een Zil vun der Strategie "Automatiséiert Fueren 2028", déi d’Ministere Yuriko Backes a Lex Delles de leschte Mount virgestallt haten. Lëtzebuerg soll also ee Virreider a Saachen autonom Mobilitéit ginn.

En experimentellen Auto 

Um Kierchbierg test d’Uni Lëtzebuerg reegelméisseg hiren Auto, deen autonom fuere kann. D’Teststreck ass op den ëffentleche Stroossen, am normale Verkéier.

Um Campus Kierchbierg vun der Uni start den Auto. De Raphaël Frank, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, sëtzt um Bäifuerersëtz vum Testauto. Am Grapp huet hien eng Computertastatur. Mat verschidde Systemer gi beispillsweis aner Autoen detektéiert a gekuckt, ob d’Luuchte gréng oder rout sinn.

De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg, Raphaël Frank. | © Serge Kesseler
De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg, Raphaël Frank. (Foto: Serge Kesseler)

Um Chaufferssëtz vum Testauto sëtzt de Fuerscher Mehdi Testouri, deen zum technesche Staff vum Projet gehéiert. Seng Hänn si beim autonome Fueren net um Steierrad vum Auto. Falls eppes geschéie géing, kéint hie manuell agräifen.

"Et ass een experimentellen Auto. Do kann och elo mol eppes passéieren. Mee dat ass och e bëssen dat Interessantst dobäi."

Manuell Agrëffer kommen nach ëmmer vir

Wierklech vill ass bei der Testfaart mam klenge südkoreaneschen Elektroauto net passéiert. Bis op verschidde Bremsmanöveren, déi un déi vun engem Fuerufänger erënnert hunn.

Bei enger Situatioun, um Boulevard Pierre Frieden, an där een Auto e wéineg an der Strooss stoung, huet de Fuerscher um Chaufferssëtz awer musse manuell agräifen. An dësem Fall war et eng Sécherheetsmoossnam, well sech d’Fuerscher net sécher waren, ob den Auto net ze vill géing ofdriften.

Den Auto fiert am autonome Modus maximal 40 Kilometer an der Stonn. Dëst kéint een awer nach erhéijen, mee dat wier net d’Zil vun der Testfaart. Déi verschidde Sensoriken, déi um Auto sinn, si wichteg.

"Do ass e Lasersensor drop a verschidde Kamerasystemer, plus e ganz prezise GPS fir d’Lokalisatioun, an dann eeben déi ganz Computeren, déi d’Saache berechnen an ee System, deen eis mat de Komponente vum Auto verbënnt."

Nëmmen duerch d'Zesummespill vun dësem Package kann den Auto autonom fueren.

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Op déi neiste KI-Trends setzen

Dat autonoomt Fueren testen d’Fuerscher:inne vun der Uni Lëtzebuerg schonn zënter e puer Joer um Kierchbierg. Dozou gehéiert och d’Aarbecht am Labo, erkläert de Raphaël Frank. An der Simulatioun ginn nei Possibilitéiten ausprobéiert. 

Eng dovunner ass d’Verbesserung vum Path finder. Deen erméiglecht et dem Auto, autonom beim Bremse vun engem Auto virdrun ob eng Spuer niewendrun auszewäichen.

Bei der aktueller Fuerschung géif een och op kleng Nische setzen.

"Mir probéieren natierlech, déi neisten Trends vun der Kënschtlecher Intelligenz och mat ze integréieren an dat autonoomt Fueren."

An der Mall vum Auto läit ënner anerem e Computer vun der Entreprise Nvida Drive Solutions fir autonom Gefierer. De Computer erméiglecht d’KIe lafen ze loossen.

Zukünfteg Robotaxien op eise Stroossen?

Virun engem knappe Mount haten d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Lex Delles d’Strategie "Automatiséiert Fueren 2028" virgestallt. Dozou huet de Raphaël Frank vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, datt et virun allem ëm de legale Kader géif goen. Bis 2028 soll d’Strategie stoen.

"Natierlech verschidde Firmen dann hei och an d’Land unzezéien, fir mat deenen initial Tester kënnen duerchzeféieren, fir datt mir do kënnen zimmlech séier dann esou Servicer wéi Robotaxie gesinn."

Robotaxien sinn Transportservicer ouni Chaufferen.

Nach dëse Wanter wëllt d’Mobilitéitsministerin een éischte Gesetzesprojet a Saachen autonoomt Fueren deposéieren, wou si als Fuerscher:inne géife consultéiert ginn, huet de Raphaël Frank vun der Uni Lëtzebuerg erkläert.

 

play_arrow Lauschteren