arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dirk Becker, Pilotevereenegung: Rezent Luxair-Tëschefäll net besuergneserreegend

Mobilitéit

|
headphones

3 min

Dirk Becker, Pilotevereenegung: Rezent Luxair-Tëschefäll net besuergneserreegend

Et wier iwwerhaapt näischt Besuergneserreegendes bei de rezente Luxair-Tëschefäll gewiescht, sot den Dirk Becker. Hien ass de Generalsekretär vun der Pilotevereenegung ALPL (Association luxembourgeoise des pilotes de ligne). Dacks géif bei den Diskussiounen awer d'Hannergrondwësse feelen.

headphones

3 min

Dirk Becker | © Ana Angel
Dirk Becker (Foto: Ana Angel)

Wa bei der Luxair ee Fluch ofgesot gëtt oder ee Fliger ee Problem huet, dann interesséiere sech vill Leit zu Lëtzebuerg dofir.

Groussen Interessi un der nationaler Fluchgesellschaft 

Et géif souwuel an der Press, wéi och an de Soziale Medien, vill diskutéiert ginn, an dat géif hien esou aus dem Ausland net kennen, seet den Dirk Becker. Leider géif bei den Diskussiounen awer dacks fundamentaalt Wësse feelen. 

"Dann erscheint vieles als großes Drama, als gefährlich. Wenn man die Tatsachen kennt und sich mit der Materie auskennt, stellen die ganz normale, sehr unspektakuläre Vorfälle dar." 

Trotzdeem wier et schéin ze gesinn, datt d'Lëtzebuerger:inne sech esou staark fir déi national Fluchgesellschaft interesséieren. 

Déi rezent Tëschefäll wieren net ongewéinlech a géife bei anere Fluchgesellschaften och virkommen, betount den Dirk Becker.

Wieder zu Lëtzebuerg net extreem genuch fir speziell Geräter 

Datt beispillsweis virun e puer Deeg d'Landepiste wéinst Schnéi hu missen zougemaach ginn, hätt an engem Netzwierk vun enger Fluchgesellschaft direkt vill Konsequenzen a kéint och nach den Dag drop fir Annulatioun vu Flich suergen. Misst Lëtzebuerg dann net besser op Schnéifall preparéiert sinn? 

"In einem Land, in dem es einen strengeren Winter gibt, ist man natürlich entsprechend besser vorbereitet. Dort macht es wirtschaftlich auf mehr Sinn, dass ein Flughafen entsprechende Schneeräumgeräte hat. Was wir in Luxemburg nicht unbedingt machen müssen, weil so oft haben wir diese extremen Wetterverhältnisse nicht." 

Am Januar huet eng nei Luxair-Maschinn, een Embraer-Fliger, missen an der Loft ëmgedréit ginn an zeréck op de Findel fléien. Dat hätt dru geleeën, datt dee spezifesche Fliger-Typ ënner ganz bestëmmte Wiederbedingungen, nämlech gefrueren Niwwel, net fléien dierf. Dat wier international esou gereegelt, erkläert den Dirk Becker. 

Standardprozedure ginn agehalen 

Et wier och kee strategesche Feeler gewiescht, genee deen Typ ze kafen. 

"Diese Direktive ist halt erst Anfang dieses Jahres erlassen worden. Man kann der Fluggesellschaft da nichts vorwerfen." 

Ufank Februar huet eng Maschinn missen eng Sécherheetslandung zu Madrid maachen, wéinst engem Rass an der Cockpit-Scheif. Och dat kéint virkommen, Materialschued wier näischt Aussergewéinleches. 

"Die Besatzung, wir als Piloten, sind geschult, entsprechend zu reagieren. Dann wird ein Sinkflug eingeleitet und man muss irgendwo im nahegelegenen Flugplatz landen." 

Dat wiere Standardprozeduren, esou den Dirk Becker. Och bei der Sécherheetslandung viru véier Wochen zu Nice wier sech un Check-Lëschte gehale ginn. 

"Da steht auch genau drin, was man machen muss." 

Déi Tëschefäll géife keng Tendenz duerstellen, ënnersträicht den Dirk Becker.