arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Testphas mat Succes: Check-In a Sécherheetskontrollen um Findel viru 4 Auer moies

National

|
headphones

1 min

No Testphas mat Succes: Check-In a Sécherheetskontrollen um Findel viru 4 Auer moies

Luxair an Luxairport hunn hir Testphase ofgeschloss wat ee méi fréien Check-In um Fluchhafe betrëfft. Well moies géint sechs Auer eng sëllege Volen mateneen erausginn, wëllt een erreechen, datt d‘Fliger ëm sechs Auer och scho prett sinn.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Wann d'Fliger scho prett wieren, da kéinte se och direkt starten. 

Vun elo un ass den Check-In schonn um véirel vir véier moies méiglech. Och d'Sécherheetskontrolle ginn elo schonn ab véier Auer moies duerchgefouert. 

Vu Luxair a LuxAirport heescht et, datt d'Testphas mat Succes verlaf wier.