Well dësen Defekt och déi 50 aner Ventilatoren an dësen Tunnelle kéint betreffen, hätt een decidéiert, déi problematesch Komponent virsiichtshallwer u sämtleche Ventilatoren auszetauschen.
Zënter Enn Januar ass an den Nordstrooss-Tunnelle Grouft a Stafelter a béid Richtungen eng Spuer gespaart, d’Vitesslimitatioun ass aus Sécherheetsgrënn op 70 km/h erofgesat.
Ersatzdeeler si bestallt
D’Ministesch verséchert awer, datt d’Ersatzdeeler bestallt wieren an d’Ponts et chaussées a permanentem Austausch mam Fournisseur stéingen, fir de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen. D’Tunnelle Grouft a Stafelter wieren iwwregens déi zwee eenzeg Tunnellen am Land, déi mat dësem Typ Ventilator equipéiert sinn.