Ech sinn zwar zënter 9 Joer pensionéiert, mee et reegt mech nach ëmmer op, wann op der Uni eppes schifleeft.
Dës Kéier ass et awer net der Uni hir Schold. Et gëtt nämlech zënter dem 6. Juli en neit Gesetz, dat dem FNR, dem Fonds national de la Recherche, seng Missiounen nei definéiert a festleet, wéi eng Konditiounen ee muss erfëlle fir en Doktorat-Studium finanzéiert ze kréien.
Déi Studentinnen a Studente kréien nämlech keng Bourse vum CEDIES, mee krute bis elo eng sougenannt AFR, déi praktesch engem Gehalt gläichkoum.
Zu enger technescher Héichschoul degradéiert
Déi nei Aide financière doctorale (AFDoc) kréien nëmmen nach Doktoranden, déi hiert Doktorat op enger auslännescher Uni maachen oder wa si an enger Entreprise schaffen, déi hir Fuerschung vun der Uni Lëtzebuerg als Dokteraarbecht certifiéiere léisst.
Och Auslänner sinn net méi wëllkomm, well et muss een hei 5 Joer gewunnt hunn oder an d’Schoul gaang sinn, fir eng AFDoc ze kréien. An dat gëllt fir all Fächer.
D’Uni gëtt zu enger technescher Héichschoul degradéiert, wou d’Proffen nach just d’Aarbecht vun Entreprisen dierfe bewäerten a mat engem Dokterdiplom sanktionéieren.
Wou d’Kolleege mir dat ganz opgereegt erzielt hunn, wollt ech einfach net gleewen, datt een net méi kann op der Uni Lëtzebuerg mat sengem eegenen Theema en Doktorat-Studium maachen. Weder den FNR, nach d’Uni-Leedung solle frou dodriwwer sinn, konnte sech awer net wieren.
En Doktorat ass deemno nëmmen nach am Kader vun engem Fuerschungsprojet méiglech. Awer och déi Programmer vum FNR sinn an der Lescht finanziell, wéi thematesch ëmmer méi restriktiv ginn.
De "Core business" vun der wëssenschaftlecher Fuerschung gëtt boykottéiert
Dat huet ganz grav Konsequenzen. Fir d’éischt emol sozialer Natur: Net all Jonken, deen déi intellektuell Kapazitéiten huet fir en Doktorat, ka sech e Studium am Ausland leeschten.
Mee fir d’Uni Lëtzebuerg ass et eng Katastroph: Déi Uni, déi sech an 20 Joer international e gudden Numm gemaach huet, déi sech ëmmer nees als Fuerschungs-Uni definéiert, déi houfreg ass, an internationale Rankingen esou gutt ofzeschneiden, muss an Zukunft verlaangen, datt de Student säin Doktorat-Studium selwer finanzéiert.
Domat gëtt de "Core business" vun der wëssenschaftlecher Fuerschung boykottéiert. Fächer wéi Mathematik, Droit, Philosophie, Psychologie, Geschicht asw. kënnen dann apaken, well et gëtt kaum Entreprisen, déi an deene Fächer Projeten duerchféieren, déi mat engem Doktorat-Studium ze verbanne sinn.
Net emol Kulturinstituter sinn als Partner zougelooss.
Keen een Deputéierten huet déi katastrophal Konsequenzen ugeschwat
A wat seet dat iwwer e Land aus, dat senger eegener Uni net traut, Doktoranden auszebilden, oder just bei engem Sujet, deen en direkten ekonomeschen Impakt huet.
Da si mir nees genau do, wou mir waren, ier et eng Uni zu Lëtzebuerg gouf: Fir en Doktorat muss een an d’Ausland goen. An an den Diskussiounen an der Chamber huet keen een Deputéierten déi katastrophal Konsequenzen ugeschwat.
Ech verstinn einfach net, wéi een op esou eng absurd Iddi ka kommen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.