Déi geplangte Photovoltaikanlag gëtt op den Daach vum Gemengenatelier Mertert Waasserbëlleg installéiert. Déi Anlag wäert eng Kapazitéit vun 200 Kilowatt hunn, dat entsprécht dem Konsum vu 46 Stéit.
Eng Kooperativ erlaabt et de Bierger, déi keng Méiglechkeet hunn Photovoltaikanlagen op den Daach z’installéieren, och bei der Energietransitioun matzemaachen. All Bierger aus dem Kanton Gréiwemaacher kann do abezuelen, eng Part kascht 100 Euro. Fir deen éischte Projet ëmsetzen ze kënnen, mussen 230.000 Euro zesummekommen, sou de President vun der Energiekooperativ Lucien Heyer. Als nächst wéilt een zesumme mat de Gemengen Gebaier aussichen, op deenne ee weider Projete kéint ëmsetzen.
Garantéierte Stroumtarif fir d'Kooperativ
An enger éischter Phas gëtt déi Stroumproduktioun an d’Netz agespeist an d’Kooperativ kritt dann iwwert dee Wee de garantéierte Stroumtarif bezuelt. Spéiderhi soll de Stroum och direkt kënnen un d’Memberen iwwert eng E-Plattform verkaf ginn. Nächsten Dënschdeg ginn d‘Bierger an enger Informatiounsversammlung vun der Energiekooperativ Kanton Gréiwemaacher am Kulturuenter Syrkus zu Rued Syr informéiert.