Am Zweete Weltkrich hat hien, e gebiertegen däitsche Judd, als Kand 14 Méint an de KZer vu Westerbork a Bergen-Belsen iwwerlieft. Hien huet hei den Horror vum Naziregimm materlieft. Zu Bergen-Belsen hunn d'Nationalsozialisten eng 600 Leit den Dag ëmbruecht.
Am Abrëll 1945 war de Gerd Klestadt vun den Amerikaner befreit ginn. Zanter de 70er Joren huet hien zu Lëtzebuerg gelieft. Virun iwwer 20 Joer huet hien dunn ugefaange Virträg a Schoulen hei am Land, a Frankräich, Däitschland an an der Belsch ze halen iwwer dat, wat hien erlieft huet, mat der Suerg, datt d'Shoah net vergiess däerf ginn.
De Gerd Klestadt war de leschte Weekend nach bei der Gedenkzeremonie zu Esch derbäi. Dat fir de Weltdag fir d'Erënnerung un den Holocaust.