Am Härebësch huet 2014 e staarke Stuerm vill Beem zerfetzt an zerfränjelt a vill Beem sinn deemools esou stoen oder leie gelooss ginn, sou datt et op den éischte Bléck e bëssen onopgeraumt wierkt. Dat wier awer eng bewosst Entscheedung gewiescht, sou de Fierschter Ben Louis.
Generell géif een am Härebësch op dräi Pilieren oppassen, déi all de selwechte Stellewäert hunn: Den ekologeschen, ekonomeschen an de soziale Wäert. Esou dréit de Bësch an d'Totholz zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäi, d'Beem kënne geha an d'Holz da verkaaft ginn an et kënne Leit an de Bësch wandere goen.
D‘Doudholz ass ee wichtege Facteur am Bësch
Et ass wichteg, datt den natierleche Kreeslaf am Bësch garantéiert ass an an deem Krees spillt och Doudholz eng wichteg Roll, sou de Ben Louis, an dofir léisst ee vill Doudholz och mëttlerweil leien.
"Wa sou ee Stéck Holz stierft, dann ass et idealerweis stoen, a stoend huet et natierlech all seng Funktiounen, déi sou een doudege Knëppel huet. Deen ass da Liewensraum fir Déieren, zum Beispill fir de Spiecht oder fir Insekten."
Mee och Fliedermais, Champignonen a Planze kéinte vu sou engem doudege Knëppel Holz profitéieren. Ekonomesche Wäert. De Bësch huet awer och nach eng Waasserfilterfunktioun, eng Noerhuelungsfunktioun, de Bësch ass ee Wand- an ee Sonneschutz.
D‘Roll vun doudegen Déierekierper am Bësch
Nieft Doudholz, ginn am Härebësch awer mëttlerweil och Déierekadawer leie gelooss.
Normalerweis kritt de Fierschter déi Déiere gemellt oder fënnt se duerch Zoufall. Déi heefegst Doudesursaach fir Wëld sinn zum Beispill Accidenter mat engem Auto. D'Réi gëtt ugestouss a rett sech dann dacks an de Bësch.
Viru puer Joer hat hien een doudegt Réi an de Bësch geluecht a Wëldkameraen opgehaangen. An dunn huet ee konnte gesinn, datt zwee Marderen dat ganzt Réi iwwer e puer Deeg zerluecht a verdeelt hunn. Eng weider Erkenntnis war, datt och mol e roude Schleek, oder eng Maus, sech un der Nues vum Déier zerwéiert huet. Och e Spiecht war dobäi, dee sech fir d'Mueden um Réi intresséiert huet.
Et huet awer och een ekologesche Wäert, wann een en doudegt Réi am Bësch leie léisst, well eng Rei Närstoffer ginn dono an de Buedem. Déi Joren drop gëtt déi Plaz dann intressant fir Champignonen a Planzen.
De Bësch vun der Zukunft
De Fierschter Ben Louis wënscht sech, datt de Bësch an Zukunft multifunktional ass: Doudeges, Lieweges soll mateneen harmonéieren. De Bësch soll och weider als Erhuelungsraum fir de Mënsch an als Liewensraum fir d'Déiere funktionéieren an och déi verschidden ekonomesch Funktioune soll de Bësch kënne virun erfëllen.
"Et brauch ee breet Täschemesser, keen déckt."