search

/ Ëmweltminister Serge Wilmes reest op d'COP17

Biodiversitéits-Konferenz

|
reading time

1 min

Ëmweltminister Serge Wilmes reest op d'COP17

Den CSV Ëmweltminister Serge Wilmes reest haut a muer op d‘COP17 Biodiversitéits-Konferenz vun der UNO an déi armeenesch Haaptstad Jerewan. D‘Konferenz ass an der Hallschent ukomm. Et geet elo drëm, déi 23 Ziler ëmzesetzen, déi schon 2022 festgeluecht goufen.

reading time

1 min

Den Ëmweltminister Serge Wilmes op der COP30 a Brasilien. | © Daniel Martínez-Quintanilla Pérez / Global Landscapes Forum
Den Ëmweltminister Serge Wilmes op der COP30 a Brasilien. (Foto: Daniel Martínez-Quintanilla Pérez / Global Landscapes Forum)

Dat fir der weltwäite Réckgang vun der Biodiversitéit an dem Verloscht vun Ökosystemer ze stoppen. Zu den Ziler gehéiert de Schutz vun op d‘mannst 30 Prozent vun de weltwäite Mier- a Landfläche bis 2030. 

COP17 ass net gläich COP31 

D'COP17 ass d'Biodiversitéits-Konferenz, wärend d'COP31 d'Weltklimakonferenz ass. COP steet iwwregens fir "Conference of the Parties". Bei der COP31 geet et virun allem ëm Klimamoossnamen a Méiglechkeeten ze kucken, wéi een Emissioune reduzéiere kann.

Déi nächst Weltklimakonferenz ass nächste Mount zu Antalya an der Tierkei.

Déi ënnerschiddlech Zuelen erkläre sech doduerch, datt eigentlech all UN-Ofkommes seng eege Conference of the parties huet. D'Zuele stellen dann déi jeeweileg Editioun duer.