Radioen

On air

9 bis 1  |  MonoNeon - Invisible

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltminister: Bis ewell nach kee Protokoll fir Zigarettestomp um Buedem

Äntwert op eng parlamentaresch Fro

Ëmweltminister: Bis ewell nach kee Protokoll fir Zigarettestomp um Buedem

Zënter 2022 kascht et 145 Euro wann ee säin Zigarettestomp op de Buedem geheit. Mee bis elo ass nach keen ee Protokoll dowéinst ausgedeelt ginn. Dat äntwert den Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der DP.

auto_stories

1 min

Zigarettestëmp um Buedem | © picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut
Zigarettestëmp um Buedem (Foto: picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut)

De Minister gëtt dann awer zou, datt de sougenannte Littering nach ëmmer e Problem ass an datt nach weider sensibiliséiert misst ginn. Et misst awer och driwwer nogeduecht ginn, fir eventuell d‘Kontrollen ze verschäerfen.