Radioen

On air

Al Schanken  |  Nick Cave - The Weeping Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Employeur muss Chèque-repasen verdeelen, och wann de Salarié am Teletravail ass

Aarbechtsgeriicht

Employeur muss Chèque-repasen verdeelen, och wann de Salarié am Teletravail ass

Een Employeur dierf sengem Salarié net seng Chèque-repasen ewechhuelen, wann deen am Teletravail ass. Zu där Conclusioun koum d’Aarbechtsgeriicht haut an huet domat der Gewerkschaft Aleba Recht ginn.

auto_stories

1 min

Chèque Repas | © Guide Chèque Repas
Chèque Repas (Foto: Guide Chèque Repas)

D’Gewerkschaft ass fir ee vun hire Membere viru Geriicht géint een Employeur virgaangen, deen decidéiert hat, dem Salarié just Chèque-repasen ze ginn, wann deen och effektiv um Büro wier. D’Aarbechtsgeriicht gesäit dat anescht a seet, d’Chèque-repase wieren Deel vun der Remuneratioun.

Den Employeur muss dem Salarié elo retroaktiv de Montant vun de Chèque-repasen, déi hien am Teletravail net krut, ausbezuelen.