Kuerz virun de Feierdeeg war déi nei Regierung virgestallt ginn. Um Freidegmoie war et eng éischt gemeinsam Reunioun. Eenzeg den Ausseminister Jean-Noël Barrot war net dobäi, well hie mat senger däitscher Homologin Annalena Baerbock a Syrie war.
D'Regierung soll agéieren
No der Reunioun sot d’Pressespriecherin vun der Regierung, d’Sophie Primas, "an esou stiermeschen Zäite misst jidderee Responsabilitéit iwwerhuelen." D’Regierung géing op déi aner Parteien zougoen a géing dat och vun hinnen erwaarden. Dann, sou d’Primas, géing et ee Wee aus der politescher Kris ginn.
De President Macron wéilt op alle Fall net, datt d’Regierung just am "Verwaltungsmodus" bleift, mee vill Gesetzesprojeten ustéisst.
Éischt Bauereprotester si well geplangt
Op d’Regierung waarde vill Erausfuerderungen, notamment de Budget, iwwer dee jo de Mësstrauensvott zustan koum, deen no dräi Méint d’Enn vun der Regierung Barnier bedeit hat. De François Bayrou hat schonn ugekënnegt, hei gespréichsbereet ze sinn.
Säi Virgänger wollt de Staatsdefizit op genee 5 Prozent vum PIB erofkréien. De Bayrou setzt sech franséische Medien no éischter een Zil vun ëm déi 5,4 Prozent. Mee och dofir wäert et vill Verhandlunge mat den Oppositiounsparteie brauchen.
Och d’Landwirtschaft ass e Sujet mat vill Drénglechkeet. Fir e Sonndeg huet e Bauereverband scho Protestaktiounen zu a ronderëm Paräis ugekënnegt. Et waart een hei op kloer Mesurë vun der neier Regierung.