Radioen

On air

Notturno  |  ÆM - Knife

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Emmanuel Macron huet d'Demissioun vum Gabriel Attal ugeholl

Frankräich

Emmanuel Macron huet d'Demissioun vum Gabriel Attal ugeholl

De franséische President Emmanuel Macron huet gëschter Owend d‘Demissioun vum Premier Gabriel Attal a senger Regierung ugeholl. Déi momentan Regierung géif sech nach ëm déi lafend Geschäfter këmmere bis eng nei Regierung nominéiert ass, esou den Elysée. Dat kéint awer e puer Wochen daueren.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Gabriel Attal | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Warscheinlech muss een op d'mannst bis den Ofschloss vun den Olympesche Spiller waarde bis eng nei Regierung steet, esou d’Agence France Presse.

Eng geschäftsféierend Regierung ka keng Proposen oder Gesetzer méi op de Wee bréngen, kann awer an der momentan onklorer politescher Situatioun a Frankräich och net duerch ee Mësstrauensvott gestierzt ginn. Domat deit sech eng länger Period vu politeschem Stëllstand an eisem Nopeschland un.

De Walgewënner Nouveau Front Populaire konnt sech bis elo jo nach ëmmer net op eng gemeinsam Kandidatur fir d'Amt vum Premier eenegen.