Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Summer On A Solitary Beach

play_arrow Live
search

/ Ëmfro an Däitschland: Verbrennungsmotore bleiwe beléift

Méi beléift wéi Elektroautoen

Ëmfro an Däitschland: Verbrennungsmotore bleiwe beléift

Autoe mat engem Verbrennungsmotor sinn nach ëmmer beléift. An enger representativer Ëmfro fir déi däitsch Targobank hunn 68 Prozent vun den Autofuerer gesot, datt si ee Bensinns- oder Dieselauto géife kafen. 17 Prozent hu gesot, si wéilten ee réngen Elektroauto kafen.

auto_stories

1 min

Gläichzäiteg hunn 43 Prozent vun de Leit gesot, datt si Elektroautoe fir méi ëmweltfrëndlech wéi Verbrenner halen. Bal een Drëttel vun de Leit sinn der Meenung, datt Bensinns- oder Dieselautoen net méi zäitgeméiss sinn.