Radioen

On air

Moiesstudio  |  Marion Zovilé-Braquet

play_arrow Live
search

/ Éisträich: ÖVP an SPÖ verhandelen iwwer Regierungskoalitioun

No Aus vun aktueller Regierung

Éisträich: ÖVP an SPÖ verhandelen iwwer Regierungskoalitioun

An Éisträich wëllen elo d‘ÖVP an d‘SPÖ zu zwee weider iwwert eng Regierungskoalitioun verhandelen. Dat hu béid Cheffe vun de Parteie matgedeelt. De Freideg ass eng méiglech Dräierkoalitioun mat der liberaler Neos geplatzt, well dës sech wéinst Differenzen an den Diskussiounen iwwer d‘Pensiounen zeréckgezunn huet.

auto_stories

1 min

Éisträich | © picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch
Éisträich (Foto: picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch)

Den éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen hat no de Walen déi dräi Parteie mat der Regierungsformatioun beoptraagt.

Eng Koalitioun tëscht ÖVP an SPÖ gëllt als instabil, ob béid Parteien elo probéiere wëllen, déi Gréng als méiglechen drëtte Koalitiounspartner mat an d‘Boot ze huelen, bleift nach oppen.