Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LGBTQIA+-Organisatioune weise sech besuergt nom Urteel vum brittesche Geriichtshaff

Gesetzlech Definitioun vum Term "Fra"

LGBTQIA+-Organisatioune weise sech besuergt nom Urteel vum brittesche Geriichtshaff

De Geriichtshaff zu London huet gëschter um Mëttwoch festgeluecht, datt sech den Term "Fra" gesetzlech elo just op Leit bezitt, déi als biologesch Frae gebuer sinn. Transfrae falen also net an déi Definitioun. Wat bedeit dat awer lo konkret fir Transleit a Groussbritannien? 

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Melissa Bender
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Melissa Bender)

D'Jugë soten, hir Entscheedung wier net als Victoire fir déi eng oder déi aner Säit ze verstoen, mee et war awer ganz kloer wie gefeiert huet a wie sech elo Suerge mécht.

Wat geschitt mam Gender Recognition Certificate?

Gefeiert huet déi transfeindlech Grupp "For Women Scotland", déi sech als Gewënner gesäit. 

"Wa mir elo een Espace gesinn, dee just fir Fraen ass, dann heescht dat genee dat: Just fir Fraen, net Männer, och wa si ee Gender Recognition Certificate hunn", esou d'Trina Budge, Directrice vun der Grupp.

Si mengt domat dee Certificat, deen Transpersoune kënnen ufroe fir hir Genderidentitéit gesetzlech unerkannt ze kréien. Mat dësem Certificat kann een dann och zum Beispill säi Gebuertsschäin änneren.

Verglach mat der Trump-Regierung

De Chay Brown vun der Organisatioun TransActual sot, hie wier sech net sécher, ob säi Certificat elo nach géing gëllen, a wéi eng Rechter hien elo iwwerhaapt nach hätt. 

"Wann ech elo um Wee heem op der Gare op d'Männertoilette ginn, tappt dann ee mir op d'Schëller a seet, datt ech net do dierf sinn, well ech trans sinn? Datt ech op d'Fraentoilette soll? Et ass alles immens onkloer", esou de Chay Brown, dee sot, datt d'Urteel hien op Plazen un d'Trump-Regierung erënnert huet, an datt och Transleit a sengem Ëmfeld immens Angscht hätten. 

Schottesch ONG: Keng Panik, mee ofwaarden

D'Jugen hu probéiert ze versécheren, datt Transleit weider duerch aner Deeler vum d'Anti-Diskriminatiounsgesetz geschützt wieren. Mee et ginn awer nach immens vill Froe, well gesetzlech hir Genderidentitéit elo jo awer net méi unerkannt ass.

Eng Grupp vun LGBTQIA+-Organisatioune seet, si wieren "déif besuergt" iwwer déi "wäitreechend, schiedlech Implicatioune" vun der Decisioun a si géingen sech d'Urteel elo genee ukucken, fir Kloerheet ze schafen. Och ONG Scottish Trans huet geroden, "net ze panikéieren" an op weider Erklärungen ze waarden.

Weider Erklärungen huet eis London-Korrespondentin Marie Billion am Moiesstudio ginnplay_arrow .