Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andrew Ferrone: Europa wäert mat am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn

Gemeinsame Rapport vu Copernicus a WMO

Andrew Ferrone: Europa wäert mat am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn

Wéinst dem Klimawandel wäerten d'Temperaturen am optimalste Fall nach 25 Joer laang klammen, an Europa wäert mat am stäerkste betraff sinn. An Europa géifen d'Temperature méi staark klamme well d'Loftqualitéit hei besser ass wéi op anere Plazen, an dofir méi Sonnestrahlen an Europa ukommen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Unsplash / Eelco Böhtlingk play_arrow
(Foto: Unsplash / Eelco Böhtlingk)

Den Andrew Ferrone, héije Beamten am Ëmweltministère, ass der Meenung, datt och Lëtzebuerg d'Konsequenze vum Klimawandel ëmmer méi ze spiere kritt an datt ee sech dofir upasse muss.

"D'Temperature wäerten an d'Luucht goen. D'Hëtztwelle wäerte méi laang ginn, si wäerte méi intensiv ginn. Dat heescht den Hëtztstress hëlt zou, dat heescht et ass wichteg, datt engersäits, wann et zu enger Hëtztfäll kënnt, jiddwereen Accès op Waasser zum Beispill huet an esou weider. Mee awer och do sinn zum Beispill Gréngfläche ganz wichteg, Gréngflächen an der Stied, och Blo Flächen, also Fläche mat Waasser. Déi killen of, déi maachen d'Loft méi propper, déi zéien CO2 aus der Loft eraus. Dat heescht dat ass en Win-win an alle Situatiounen. Dat heescht Gréngflächen an der Stied wäerte ganz wichteg sinn, och an Zukunft. Mee mir mussen eis och drop astellen, datt et méi zu, zu méi intensiven Nidderschléi zu Lëtzebuerg gëtt. Dat heescht mir mussen eis och op méi Iwwerschwemmungen astellen. Och do ass et zum Beispill Renaturéierung, et kann do eng ganz wichteg Roll spillen."

Den Ëmweltministère schafft den Ament un engem Klima-Adapatiounsplang. Bis Mëtt Mee sinn op verschiddene Plazen am Land Workshoppe, wou d'Bierger:innen sech kënne mat abréngen.

Copernicus-Rapport: 2024 war dat wäermste Joer, dat jee an Europa gemooss gouf

Dem europäesche Klimawandeldéngscht Copernicus an der Weltorganisatioun fir Meteorologie no war 2024 dat wäermsten, jeemools gemoossent Joer an Europa: Dat hale si an hirem gemeinsame Rapport iwwer den Zoustand vum europäesche Klima fest. Deemno ass Europa dee Kontinent, dee sech am séiersten erwiermt.

Rekordtemperaturen, virun allem am Zentrum, am Osten an am Südoste vun Europa, hu sech zejoert um ale Kontinent mat dacks zolitte Stierm a wäit verbreeten Iwwerschwemmungen ofgewiesselt. Doduerch koumen d'lescht Joer an Europa op d'mannst 335 Leit ëm d'Liewen an eng 410.000 waren dovu betraff.

An Europa war 2024 een opfällegen Ost-West-Kontrast ze bemierken, mat extreemer Dréchent, vill Sonn an dacks rekordverdächteger Hëtzt am Osten a waarmen, awer fiichte Konditiounen am Westen.

Tropesch Nuechten a Bëschbränn

A bal der Hallschent vun Europa si Jorestemperature gemooss ginn, déi entweder no un engem Rekord dru waren, oder awer een neien duergestallt hunn. D'Zuel un Deeg mat staarker, ganz staarker an extreemer Hëtztbelaaschtung war déi zweethéchst, zënter datt Donnéeën opgezeechent ginn. A 60 Prozent vun Europa goufen iwwerduerchschnëttlech vill Deeg mat op d'mannst staarker Hëtztbelaaschtung notéiert an an der Moyenne och 12 tropesch Nuechten. An deene fält d'Temperatur net ënner 20 Grad.

Duerch Bëschfeieren da sinn eleng a Portugal bannent enger Woch eng 1.100 Quadratkilometer verbrannt.

Gletscheren hu weider un Äis verluer

Wat de Reen ugeet huet de Weste vun Europa zejoert ee vun den 10 Jore mam meeschten Nidderschlag zënter 1950 erlieft. Et gouf och souvill Iwwerschwemmungen um ale Kontinent wéi zënter 2013 net méi. Bal en Drëttel vun de Flëss war dovu concernéiert. Dogéint hunn d'Gletscheren iwwerall uechter Europa Äis verluer, an a Skandinavie souguer esouvill, wéi nach ni.

Klenge Liichtbléck um Enn: D'lescht Joer haten 51 Prozent vun den europäesche Stied speziell Pläng fir d'Upassen un de Klimawandel guttgeheescht. 2018 waren dat nach nëmme 26 Prozent.

Am 100,7-Interview huet de Klimatolog Andrew Ferrone seng Aschätzung zum neie Rapport ginn.

Lauschterenplay_arrow

De ganze Rapport fannt Dir hei

Lauschterenplay_arrow