Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orban steet am Mëttelpunkt

Éischten EU-Sommet fir de Luc Frieden

Orban steet am Mëttelpunkt

Ungarn wëll den Ufank vun de Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain an EU-Fongen, déi fir d’Land virgesi sinn, blockéieren. D’Diskussioune riskéiere laang ze ginn. Bis kuerz virum Sommet war net kloer, wat genee de Viktor Orban am Géigenzuch verlaangt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer)

D’ganz Europäesch Unioun kuckt alt mol nees op den ungaresche Premier Viktor Orban, dee riskéiert um EU-Sommet haut a muer am Mëttelpunkt ze stoen.

EU-Kommissioun gëtt Fonge fir Ungarn fräi

Bis elo blockéiert hie wichteg Decisiounen - déi, d'Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrainer ze lancéieren an déi, der Ukrain Suen aus dem EU-Budget zur Verfügung ze stellen.

Een Dag virun deem Sommet huet d’Europäesch Kommissioun decidéiert, zéng Milliarden Euro aus dem EU-Budget fir Ungarn fräizeschalten. Déi Fonge ware bis elo blockéiert, well Ungarn déi néideg Justizreformen net gemaach hat. D’Regierung hätt elo d’Mesurë geholl, déi néideg waren, sou d’Kommissioun e Mëttwoch den Owend an engem Communiqué.

Blockéiert bleiwen iwwerdeems nach ronn 20 Milliarden Euro, fir déi d’Konditiounen nach net erfëllt goufen. Ungarn verlaangt elo, datt déi Suen och fräigeschalt ginn, fir am Géigenzuch säi Veto zur Ukrain - allerdéngs och nëmme partiell - opzehiewen.

Ungarn verlaangt, datt all d‘Fongen deblockéiert ginn

Gëscht hat de politeschen Direkter vum Premier Orban, op bemol annoncéiert, säi Land wier prett, de Blockage iwwert de Budget opzeginn, ënnert der Konditioun, datt säi Land dee ganze Batz vun den EU-Sue kritt, deen et nach zu gutt huet.

Gëtt d’EU vun Ungarn erpresst? D’Fro an der Pressekonferenz un de Chefspriecher vun der Europäescher Kommissioun, den Eric Mamer.

"Dat ass un Iech fir dat ze decidéieren. Dir wësst, datt mir d’Responsabilitéit hunn, déi Suen aus dem EU-Budget fräi ze ginn, mir maachen dat de Reegelen an de Gesetzer no."

En EU-Sommet mat historeschen Decisiounen

Déi ganz Woch gouf zu Bréissel verhandelt am Virfeld vun, wéi dacks betount gouf, historeschen Decisiounen. Ungarn bleift bis elo bei sengem Neen zu engem Ufank vun de de Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain.

"Ech ka mer net virstellen, wéi eng desastréis Konsequenzen dat huet, wann d’EU et net fäerdeg bréngt, des Decisioun ze huelen."

Sot dozou den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba e Méindeg.

Béid Decisioune, déi iwwert de Bäitrëtt an déi, den EU Budget em 50 Milliarden Euro zu Gonschte vun der Ukrain eropzesetzen, mussen eestëmmeg geholl ginn.

Ee Land ka blockéieren

26 Länner sinn dofir, a si fänken deels u rosen ze ginn. De litaueschen Ausseminister Gabrielis Landsbergis war ee vun deene wéinegen, dee riicht eraus seng Meenung sot

"Déi eenzeg Aart a Weis, wéi ech déi ungaresch Positioun interpretéiere kann, ass datt si géint alles firwat d’EU steet, sinn."

Luc Frieden hofft op Accord

Lëtzebuerg steet hannert deem, wat d‘Europäesch Kommissioun proposéiert huet. Dat hat de Premier Luc Frieden virun zwou Wochen zu Bréissel gesot. Hie géing hoffen, datt een Ungarn nach iwwerzeege kann, datt dee Schrëtt fir de Fridden an d’Stabilitéit an Europa wichteg ass.

"Dat misst dach ëmsou méi vu Länner verstane ginn, déi selwer 2004 dovu profitéiert hunn, dat mir se nom Fall vun der Mauer opgeholl hunn”

Hie selwer géing de Viktor Orban net kënnen, ma dee Personnage elo op sengem éischte Sommet entdecken, sou och nach de Lëtzebuerger Premier.

Lauschterenplay_arrow