arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte positive Bilan vun den Tourismuszuelen

Bilan vun éischte 6 Méint

|
headphones

1 min

Éischte positive Bilan vun den Tourismuszuelen

3 Prozent méi Iwwernuechtungen an Hoteller, bal 2 Prozent manner op Campingen a 4 Prozent manner a Jugendherbergen. Dës Tourismuszuele vum Ufank vum Joer - bis de Mee mat - huet den delegéierte Minister Eric Thill den Dënschdeg op engem Tour duerch de Minett presentéiert.

headphones

1 min

© Emmanuel Claude  / SIP
(Foto: Emmanuel Claude / SIP)

D'Chiffere vun den éischte 5 Méint vum Joer sinn deemno positiv, esou den DP-Politiker, dee virun allem déi ronn 760.000 Iwwernuechtungen, bis dohinner, an den Hoteller ervirgehuewen huet.

"Op Basis vun der Ëmfro vu Luxembourg for Tourism iwwer den Occupatiounstaux am Secteur vun der Hotellerie sinn d'Aussiichte vun den Iwwernuechtungszuele fir déi nächst Méint, dat heescht bis an den Hierscht eran, par rapport zu 24 och ganz gutt."

Momentan gesäit et och esou aus, wéi wann de Juni stabel wier, fir de Juli gëtt sech ee Plus vu 4 Prozent erwaart a fir den August plus ee Prozent, éier et dann am September ee Prozent erof soll goen.

Trotz de liicht réckleefegen Zuele bis Enn Mee op de Campingen an an de Jugendherberge kéint 2025 awer e Rekordjoer ginn, sot den Eric Thill. Dee sech och erfreet doriwwer gewisen huet, datt de lokalen Tourismus, dat heescht, dee vu Lëtzebuerger am Grand-Duché, an de 5 éischte Méint vum Joer ëm 4 Prozent zougeluecht huet. Donieft huet den delegéierten Tourismusminister nach ugekënnegt, datt ee bei der UNESCO en Dossier géif eraginn, fir datt d'Schiefergrouwe vu Maartel bis 2027/2028 zum Weltkulturierwe kéinte ginn.