Dëser Deeg bereet seng Ekipp vu fënnef Mann déi lescht grujeleg Klengegkeete fir de Start vun der Fouer vir. Vu baussen ass d'Geeschterbunn mat Hexen, Geeschter an anere komesche Gestalten dekoréiert. Et gëtt nach fläisseg geschrauft an ageuelegt. Virun annerhallwer Woch gouf ugefaangen d'Bunn um Glacis opzeriichten. Déi lescht Virbereedunge virun der offizieller Sécherheetskontroll op der Schueberfouer sti soumat elo un. 10 Ween mussen opgehuewen, ënnendrënner propper gemaach, ugezunn an nei geuelegt ginn.
"Aber eine Geisterbahn kriegt jeden Morgen eine Wartung. Das Nachschauen der Chaisen geschieht jeden Morgen. Nicht das Hochheben, wir haben unten eine Stelle, da kann man unter das Auto schauen. Und das machen wir jeden Morgen. Ehe das Geschäft in Betrieb genommen wird, werden sie abgefettet und einfach nur kontrolliert."
Familljebetrib vun 103 Joer
Fir de gebiertegen Oberhausener ass de Prozess scho längst eng Routine. Dee 60 Joer ale Mann féiert de Familljebetrib vun 103 Joer an der drëtter Generatioun. Hien ass ënnerwee an der Roulotte a mat der Geeschterbunn grouss ginn, zielt de Rudolf Schütze.
"Der Schausteller ist in seinen Beruf eingebettet und ist da hier reingeboren worden. Ich sage mal, besser schlafen kann ich, wenn die Musik an ist, als wenn sie aus ist. Das gehört so mit dazu zum Schaustellerleben. Und die Geisterbahn, die ist einem ans Herz gewachsen."
Mat 15 Joer huet de Rudolf dunn ugefaange Vollzäit op der Geeschterbunn ze schaffen. 12 Joer méi spéit huet hien de Familljebetrib vu sengen Elteren iwwerholl a féiert en zënterhier. Niewent him sinn dës Saison awer och nach véier aner Mataarbechter:innen dobäi. Vun den Owend un, wann et da lassgeet, péckt och seng Fra eng Hand mat un.
Schwiereg Jore wärend der Pandemie
Mëttlerweil wier ee bilansméisseg erëm virun der Corona-Pandemie ukomm. Déi zwee Joer ouni Geeschterbunn ware schwiereg fir de Betrib awer och fir de Besëtzer selwer. Reese war dee Moment jo och verbueden an him war bis dohin net bewosst, wéi traureg d'Liewen ass, wann een nëmmen doheem ass, erzielt hien.
"Man wusste ja gar nicht mehr, wofür man da ist, weil wir sind dafür da, dass Kinderaugen leuchten, dass Menschen Spaß und Freude haben, und das wurde uns ja zwei Jahre untersagt."
Dem Rudolf Schütze mécht et, wéi hie seet, ëmmer nach Spaass déi erféiert Gesiichter um Enn vum Parcours ze gesinn. An d'Pensioun goe gesäit hie sech net an der noer Zukunft. Hien ass sech awer elo scho sécher, datt ee vu sengen 3 Kanner de Familljebetrib wäert weiderféieren. A bis dohin zitt hie weider mat senger Geeschterbunn op seng ronn 10 Kiermesse pro Saison.