Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischte Schaffdag mat franséische Grenzkontrollen

Frankräich

Éischte Schaffdag mat franséische Grenzkontrollen

Et ass deen éischten Aarbechtsdag, nodeems Frankräich leschte Freideg d’Kontrollen u senge Grenze verlängert an erweidert huet. Och tëschent Lëtzebuerg a Frankräich soll kontrolléiert ginn. Den Impakt op d’Frontaliere soll awer geréng bleiwen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Vum 1. November bis den 30 Abrëll 2025 wëllt Frankräich d’Grenze mat alle sechs Nopeschlänner kontrolléieren. Dat hat de Premier Michel Barnier Mëtt Oktober annoncéiert. Dëst wier néideg, fir d'Migratioun besser ze geréieren.

Kontrolle gi mat Stéchprouwen duerchgeféiert

Well leschte Freideg e Feierdag war, ass et dann haut, um Méindeg, den éischten Dag mat potentielle Kontrolle fir déi iwwer 120.000 franséisch Frontalieren, déi an de Grand-Duché schaffe kommen. Den Impakt op si an de Verkéier soll alles an allem awer minimal bleiwen. D'Kontrolle gi mat Stéchprouwen duerchgeféiert an net op den Haaptverkéiersachsen, wéi der A3 tëschent Lëtzebuerg a Frankräich.

Dës Kontrolle sinn net komplett nei, schonn am Virfeld vun den Olympesche Spiller am Juli hat Frankräich Kontrollen op de Landesgrenzen duerchgeféiert. Och op där mat Lëtzebuerg.

Decisioun suergt fir Kritik 

De Schengenaccord erméiglecht et de Memberlänner Grenzkontrollen temporär anzeféieren, wann eng Gefor fir den Ordre public besteet. Zanter den Terrorattacken 2015 huet Frankräich dovu Gebrauch gemaach, virun allem op der Grenz mat Italien. Elo gouf dës Kontrollmesure verlängert a generaliséiert. 

D'Entscheedung suergt och fir Kritik. De Lëtzebuerger Inneministère wëllt d’Kontrollen net guttheeschen a fuerdert eng europäesch Léisung fir Kontrollen un de EU-Baussegrenzen. De Senateur vum Departement Meurthe-et-Moselle, den Olivier Jacquin, sot, d'Verlängerung géing op politeschen Drock hi geschéien. D'Regierung géing dem rietsradikalen RN noginn.

  Lauschterenplay_arrow

De Samschdeg hat d’Partei Volt zu enger Manifestatioun invitéiert, mat engem Cortège vun Opech, iwwert Perl, bis op Schengen. Mat derbäi waren d’Buergermeeschtere vu Perl a Schengen. Zwou Gemengen, déi ëmmer nees vu Grenzkontrolle betraff sinn.

Ralf Uhlenbruch: De Stau trëfft ëmmer déi selwecht

Perl huet eng 10.000 Awunner, d’Hallschent vun der aktiver Populatioun schafft zu Lëtzebuerg. De Buergermeeschter vu Perl Ralf Uhlenbruch huet Versteesdemech fir Kontrollen, mee de Stau géif ëmmer nees déi selwecht treffen.

"Das ist schonn eine ärgerliche Situatioun, wo man halt eben immer wieder die gleiche Personen kontrolliert, im Endeffekt, die zum Arbeiten fahren und sorgt natürlich auch für Stau und Zeiten, die sonst sinnvoller Weise verwendet werden könnten."

Ausso lauschterenplay_arrow

Michel Gloden: Dat muss einfach ophalen

D’Gemeng Schengen läit nieft Perl an Opech. Do huet de Buergermeeschter Michel Gloden awer kee Versteesdemech fir d’Aart a Weis wéi déi Kontrollen agesat ginn:

"Ech gi wierklech net midd permanent ze soen, datt et einfach net ka sinn an datt mer et wierklech net appreciéieren an datt dat einfach muss ophalen, datt d'Leit, besonnesch déi an de Regioune wunnen, wou se eeben drop ugewise sinn. fir an en anert Land ze fueren, datt déi Kontrollen einfach mussen ophalen."

Ausso lauschterenplay_arrow

De Schengener Buergermeeschter wëll de politeschen Drock weider erhéijen a sech mat den Nopeschgemengen zesummesetzen.